Evergreens - Faarf bekenne bei der Nohaltegkeet

Sponsored content

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Evergreens #7

Faarf bekenne bei der Nohaltegkeet

Als Verbraucher ass ee frou, wann ee bei sengen Investitioune geschützt gëtt an alles transparent ofleeft. Dofir suergt d’Direktiv ronderëm d’Marchéë fir Finanzinstrumenter, kuerz MiFID II genannt. Ab August 2022 muss e Client vum Beroder oder Portfoliomanager och no senge Präferenzen a punkto ESG, also Nohaltegkeet, gefrot ginn, fir säi Profil ze completéieren. Wat bréngen déi zousätzlech Date konkret a wat huet de Verbraucher wierklech dovun?⁣⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Emmanuelle Mousel ass Partner an der Affekotenétude Arendt & Medernach, këmmert sech ganz vill ëm regulatoresch Thematiken a befaasst sech och mat ESG. De Charles Muller huet säi ganzt Liewe laang an der Lëtzebuerger Finanzwelt geschafft, ass Avocat honoraire a President vun der ASBL „Finance and Human Rights“ déi versicht, de Finanzsecteur fir Mënscherechter z’interesséieren. D’Laura Schoumacher ass bei der Spuerkeess Responsabel fir d’Equipe Investment beim Product Management, an ë.a. zoustänneg fir de Produit MiFID II/ESG.⁣⁣

*op Lëtzebuergesch