![](/sites/default/files/styles/640_square/public/upload/media/image/2023-07/EDT%203%2C%20Ennert%20den%20Teppech%2C%20Screenshot%2C%20230710-9.jpg?h=a52787fd&itok=xXAPwTR4)
D'Marlee Dos Reis wëll an dësem Video-Podcast mat senge Gäscht Grenzen iwwerwannen. Firwat si gewëssen Themen tabu? A wéi ass et mat de Grotéin an enger Welt, déi dacks nëmmen nach schwaarz a wäiss gesi gëtt?
Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.
Ënnert dem Teppech - Ep.3
Zesumme liewen
An der Hektik vum Alldag ass et heiansdo schwiereg, d'Intimitéit an d'Verbindung zu eisem*eiser Partner*in oprecht ze erhalen. An dësem Episod schwätzt d'Marlee Dos Reis mam Tania, deem säi Partner Schichte schafft, a mam Raquel, Mamm vun zwee Kanner, iwwer d'Erausfuerderungen, mat deene Koppele konfrontéiert sinn. Ëmmerhin sinn et déi kleng Opmierksamkeeten, déi e groussen Ënnerscheed kënne maachen. Si deelen Tipps, wéi een e gesond Gläichgewiicht tëscht senge Verflichtungen an enger erfëllter Léift schaaft a wéi een den Zauber vum Ufank vun der Bezéiung erëm kann opliewe loossen.
*op Lëtzebuergesch
![](/sites/default/files/styles/640/public/upload/media/image/2023-07/EDT%203%2C%20Ennert%20den%20Teppech%2C%20Screenshot%2C%20230710-5.jpg?itok=KJR3vDbB)