Ënnert dem Teppech - Zesumme liewen

By Marlee Dos ReisLex KlerenMisch Pautsch Article only available in German

D'Marlee Dos Reis wëll an dësem Video-Podcast mat senge Gäscht Grenzen iwwerwannen. Firwat si gewëssen Themen tabu? A wéi ass et mat de Grotéin an enger Welt, déi dacks nëmmen nach schwaarz a wäiss gesi gëtt?

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.

Ënnert dem Teppech - Ep.3

Zesumme liewen

An der Hektik vum Alldag ass et heiansdo schwiereg, d'Intimitéit an d'Verbindung zu eisem*eiser Partner*in oprecht ze erhalen. An dësem Episod schwätzt d'Marlee Dos Reis mam Tania, deem säi Partner Schichte schafft, a mam Raquel, Mamm vun zwee Kanner, iwwer d'Erausfuerderungen, mat deene Koppele konfrontéiert sinn. Ëmmerhin sinn et déi kleng Opmierksamkeeten, déi e groussen Ënnerscheed kënne maachen. Si deelen Tipps, wéi een e gesond Gläichgewiicht tëscht senge Verflichtungen an enger erfëllter Léift schaaft a wéi een den Zauber vum Ufank vun der Bezéiung erëm kann opliewe loossen.

*op Lëtzebuergesch