Mäin Element - Guy Fagherazzi
Sponsored contentE Podcast an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hir Passioun fir d'Wëssenschaft. „Mäin Element“ weist de Mënsch hannert der Fuerschung.
Mäin Element - Guy Fagherazzi
An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp geheit huet. Mir ginn ausserdeem gewuer, wat een aus der Stëmm vun engem Mënsch alles erausliese kann, wéi eng Gemeinsamkeeten et tëscht der Recherche an dem Sport gëtt, a wéi en NBA-Star hien a senger Jugend faszinéiert huet.
Interessant Links
-
Méi iwwert de Guy Fagherazzi a seng Fuerschung
www.lih.lu -
Méi iwwert de Fonds National de la Recherche
www.fnr.lu -
Audioquell 100,7 Panorama vum 1. Mäerz 2020
100komma7.lu -
Audioquell Pressebriefing nom Regierungsrot vum 18. Mäerz 2020
www.youtube.com -
Audioquell „Space Jam - The tune squad introduction“ vum Alon Bezinian
www.youtube.com