Mäin Element - Raphaël Kies

Sponsored content

E Podcast an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hir Passioun fir d'Wëssenschaft. „Mäin Element“ weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

Mäin Element - Raphaël Kies

Dës Kéier sprange mir an den Themen hin an hier: Et geet ëm Politik, Medien, Citatioune vu Politiker an d'italienesch Moud. De Max begréisst de Raphaël Kies. De Fuerscher seet vu sech selwer, dass hien a villen Disziplinnen ënnerwee ass. Hie vergläicht ënnert anerem international Medielandschaften a beschäftegt sech zum groussen Deel mam Thema "E-Democracy". Mä wat ass dat iwwerhaapt? Wiele mir an Zukunft bei de Chamberwale just nach per Emoji, oder stécht do eppes ganz anescht derhannert?