New Work #25 - Fraerechter op der Aarbecht
Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand
Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen, sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chancë respektiv d'Geforen? De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Studio J.
New Work #25
Um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sinn d'Fraen an d'Männer gläichberechtegt.
Laut enger Statistik vun 2023, déi fir Opreegung gesuergt huet, verdéngen d'Fraen sou guer méi, wéi d'Männer. Dobäi handelt et sech nëmmen ëm de Stonneloun. Wann een sech de Joresgehalt ukuckt, herrscht nämlech nach ganz kloer en Gender Pay Gap.
Wéi ënnerscheeden sech d'Aarbechtskonditioune vu Männer a Fraen zu Lëtzebuerg? Ass hallef Zäit Schaffen eng reel Chance fir d'Fraen oder ass et éischter en Nodeel? A wéi no si mir dem Zil vun enger gläichberechtegter Aarbechtswelt? Genee doriwwer schwätze mer mam Johana Soares Lapeira, Juristin a Conseillère bei der Chambre des salariés, a mam Isabelle Schmoetten, Directrice vum CID Fraen an Gender.