De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal
Par Maxime Toussaint Article uniquement disponible en allemand
Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, huele mir se op: an engem Podcast.
#5 Pride
Am Joer 1999 gouf et fir déi éischte Kéier eng Pride zu Lëtzebuerg. Ugefaang huet alles ganz bescheiden, mat e puer Informatiounsstänn op der Place des Capucins ënnert dem Numm Gaymat. Haut schwätzt ee vun der Luxembourg Pride, an déi ass e konterbont Groussevent, mat enger Marche, Musek, Kënschtler*innen a virun allem och enger grousser, lieweger Community, déi gutt gelaunt duerch d'Stroossen bëselt.
Dëst Joer war d'Luxembourg Pride fir déi éischte Kéier säit laangem mol rëm an der Stad amplaz zu Esch. De ganzen Dag war d'Ekipp vum Lëtzebuerger Journal op der Place Clairefontaine mat guddem Kaffi vun der Feierboun, Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", am Asaz, fir mat eise Lieser*innen iwwer Journalismus ze schwätzen.
Firwat brauch een d'Pride haut nach ëmmer? Dës Fro stoung am Zentrum vum Gespréich mam Andy Maar an der Jeannine Langers. Fir si ass kloer : Pride ass méi wéi eng Party. Et ass eng Demonstratioun, déi drun erënnert, datt d'LGBTQIA+-Community nach laang net iwwerall déi selwecht Rechter huet – an datt dat och esou un d'Politik weidergedroe muss ginn.
Si sinn och selwer Deel vun der Community a schwätzen aus éischter Hand mam Maxime Toussaint iwwer d'Thema Outing, iwwer dat, wat nach ze maache bleift, an doriwwer, firwat et wichteg ass, datt d'Ënnerstëtzung net verluer geet – grad an enger Zäit, wou anti-woke-Narrativer um rietse Spektrum ëmmer méi haart ginn.
De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air"-Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Den Dag iwwer hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Pride" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen.
Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit an d'Gespréich mat afléisse gelooss.
#4 Traditiounen an enger polariséierter Welt
All Joer kommen um Päischtdënschden ongeféier 20.000 Leit zu Iechternach zesummen, fir ze sprangen.
D'Sprangpressessioun, säit 2010 Deel vum Patrimoine culturel immatériel de l'humanité vun der Unesco, ass en Danz, deen déi Gleeweg maachen, fir net krank ze ginn, esou den Alain Atten, pensionéierten Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller.
Als jonke Bouf ass den Alain Atten nach matgesprongen. An de leschten 20 Joer ass hien allerdéngs mat RTL do, fir den Event ze couvréieren. An awer méi wéi dat : Hien ass nämlech op eisem Kaffisdësch laanscht komm. De ganzen Dag war d'Ekipp vum Lëtzebuerger Journal nämlech virun der St. Willibrord Basilika, mat guddem Kaffi vun der Feierboun, Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", am Asaz, fir mat eise Lieser*innen iwwer Journalismus ze schwätzen.
Wéi eng Bedeitung stécht eigentlech hannert der Sprangpressessioun? Wéi wichteg sinn Traditioune fir d'Zesummeliewen an enger Gesellschaft, déi ëmmer méi divers gëtt? A wat fir eng Roll spillt d'Sprooch an deem Ganzen? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem sougenannte Sproochmates gestallt.
An och nach ganz vill méi. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Den Dag iwwer hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Traditiounen an enger polariséierter Gesellschaft" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen.
Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss.
#3 E Buttek an der Stad
D'Stater Braderie fënnt zanter 96 Joer den 1. September statt.
A jidderee verbënnt déi eng oder déi aner Erënnerung mam sougenannten "Schueberfouerméindeg".
Fir d'Mireille Rahmé, Präsidentin vun der Union Commerciale de la Ville de Luxembourg (UCVL), ass et net anescht. Wéi si kleng war, ass si ganz fréi opgestan, well hir Mamm Schong kafe wollt. D'Mooss 38 war nämlech ëmmer séier fort. Haut steet si op dësem Dag nach ëmmer fréi op. Dat awer, well si et mat organiséiert a mat ganz ville Leit an d'Gespréich komme muss. Dobäi war natierlech och de Passage op eisem Kaffisdësch e Must. De ganzen Dag war d'Ekipp vum Lëtzebuerger Journal virun der Feierboun, Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", mat guddem Kaffi am Asaz, fir mat hire Lieser*innen iwwer Journalismus ze schwätzen.
Wéi geet et eigentlech dem Stater Commerce? Wat bedeiten esou grouss Surfacen, wéi d'Cloche d'Or oder d'Galeries Lafayettes fir de lokalen Handel? A wéi wäit huet Online-Shopping een Afloss dorobber, wéi gutt e Geschäft leeft? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint der Präsidentin vum Stater Geschäftsverband gestallt.
An och nach ganz vill méi. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Den Dag iwwer hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "E Buttek an der Stad" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen.
Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss.
#2 Demokratie fréi léieren
Wat wier, wann eis Kanner un der Muecht wieren? D'Äntwert heescht Mini-Lënster. Eng Kannerspillstad, an där Jongen a Meedercher tëscht 6 an 13 Joer an enger fiktiver Stad mat demokratescher Struktur Rollespiller spillen. Se gi schaffen, erliewe wirtschaftlech Prinzippien a gi wielen… fir d'Annabelle Fisch, wat déi zwou Wochen als Buergermeeschtesch ofgeschloss huet.
Parallel start Jonglënster dëst Joer säi Kannergemengerot, an deem hatt och dobäi wäert sinn. Ma wisou ass et esou wichteg, Kanner fréi fir Politik ze sensibiliséieren? Wat sinn de Kanner hir politesch Prioritéiten a fierwen déi vun den Erwuessenen op si of? A wéi wäerten d'Kanner mam "richtege" Gemengerot a sengem Buergermeeschter, dem Ben Ries, zesummeschaffen?
Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint net nëmmen dem Ben Ries, ma och dem Annabelle Fisch, gestallt.
An och nach ganz vill méi. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Wärend engem Nomëtten hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Demokratie fréi léieren" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen. Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss.
Als Partner vun eisem "Tour de Luxembourg" begleet d'Feierboun eis op all Etapp mat hirem Specialty Coffee.
#1 Kaf lokal
Wéi wichteg ass d'Kaffiskultur zu Lëtzebuerg – e Land, wou een net vu "frühstücken" schwätzt, ma ganz einfach vu "Kaffi drénken"? Wéi gesäit d'Liewe vun engem Butteksbesëtzer aus, an enger Stad, wou stänneg gebaut gëtt? A firwat ass et haut méi wichteg wéi jee, lokal anzekafen?
Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem Vincent Della Schiava, Co-Founder vun de Feierboun Coffeeroasters, gestallt.
Ma net nëmmen dat. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Wärend dem Owend hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Kaf lokal" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen. Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss.
Als Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", wäert d'Feierboun eis mat hirem Specialty Coffee op all Etapp begleeden.