POST x IMPAKT - Fairphone

Sponsored content Article only available in German

An enger globaliséierter Welt verantwortungsvoll op sozialem, wirtschaftlechem an ökologeschem Niveau ze agéiere sollt net nëmmen eleng d’Aufgab vu Bierger a Biergerinne sinn, mee och vun Entreprisen. Aus deem Grond entwéckelen ëmmer méi Betriber hir eegen RSE-Strategie. E Podcast iwwert d'Kreeslafwirtschaft, déi finanziell an digital Inclusioun. 

POST x IMPAKT #1

D'Kreeslafwirtschaft bei Smartphones

POST Luxembourg huet scho virun e puer Joer ugefaangen eng Strategie fir eng sougenannte Responsabilité Sociale des Entreprises (RSE) auszeschaffen an och no dëser ze liewen. Am éischten Episod gëtt d’Cécile Jacquemart, d’Responsabel fir d’RSE bei der POST, en allgemengen Iwwerbléck iwwert hir Strategie, ier mir mam Victoire Jacasson vu Fairphone méi déif an d’Thematik vun der Kreeslafwirtschaft an der Smartphone-Branche eraklammen.

Den hollännesche Startup huet en nohaltege Smartphone entwéckelt, bei deenen d’Stécker einfach ausgetosch respektiv selwer kënne gefléckt ginn, eng Approche déi, sou de Serge Eiffes, de Responsabele vum Departement vum Product Management a Marketing POST Luxembourg, ëmmer méi Zousproch bei eenzele Clientë wéi och Entreprisen an Administratiounen zu Lëtzebuerg fënnt. Eng dovunner ass d’DEA zu Useldeng. Si si fir d’Distributioun vum Drénkwaasser am Norden zoustänneg a versiche bewosst méi nohalteg Apparater ze benotze wéi de Ben Allard eis erkläert huet.