New Work #1 - Potenzial notzen duerch Weiderbildung

Sponsored content Article only available in German

Den neie Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Journal. Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vu muer aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chance respektiv d'Geforen?

New Work #1

Potenzial notzen duerch Weiderbildung

D'Originne vum Luxembourg Lifelong Learning Centre fënnt een am Joer 1971, an hautdesdaags proposéiert den Zenter zesumme mat ville Partneren eng grouss Panoplie u Formatiounen, vun deene bis ewell iwwer 250.000 Leit profitéiert hunn. Den LLLC soll et de Salariéeën erméiglechen, d'Evolutioun vum Aarbechtsmarché net ze verpassen, an hirer Karriär weiderzekommen oder sech berufflech nei z'orientéieren.

Mir waren an dräi Owescoursë luussen, fir d'Ambiance anzefänken a bei de Formateuren a Participanten nozefroen, wéi si d'Formation continue erliewen a wat et am berufflechen Alldag ka bréngen. An dësem Episod gëtt däitlech, wéi jidderee säi Potenzial am Kader vun enger Weiderbildung optimal ka notzen, a wéi fruchtbar den Echange mat anere Salariéeë ka sinn.

In collaboration with 
Sign up for our newsletter and don't miss a thing.

To complete the subscription process, please click the link in the email we just sent you. Check your spam or junk folder too, in case of doubt. It may take us a few minutes to update your Journal profile, so please be patient.

An error occurred while subscribing to our newsletter. Please contact us at abo@journal.lu.

Next

Because men can dance too