Mäin Element - Laurent Pfister

Sponsored content Article only available in German

E Podcast vum Lëtzebuerger Journal an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

Mäin Element - Laurent Pfister

An dëser Episod dréint sech alles ronderëm d'Waasser.

De Laurent Pfister ass Hydrolog an erkläert ënnert anerem, wéi eng Waasserkatastroph dozou gefouert huet, datt hie sech géint d'Liewen als Proff am Secondaire decidéiert huet a wéi ee mat der Hëllef vun Atombommen den Alter vum Waasser bestëmme kann. Déi zwee schwätzen iwwert den Impakt vum Greta Thunberg an dem Donald Trump op d'Fuerschung, doriwwer wéi de Laurent mat sengem Team am Süde vum Land Waasser aus der Äiszäit entdeckt huet, firwat Lëtzebuerg de perfekte Labo fir d'Hydrologie ass a ginn der Fro no wéi de Wäin als eng Zort Archiv agéire kann.