Konferenz: Digitaliséierung an Inklusioun an de Medien

By Misch PautschLex KlerenMaxime Toussaint

Fir de 75. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Journal hu mir zwou Konferenzen zu Themen organiséiert, déi eis wichteg sinn: Sproochen, Diversitéit an Inklusioun an de Medien. Lauschtert hei, wéi dës Themen eis Presselandschaft beaflossen – a wéi mir eisen Deel bäidroen, fir se unzegoen.

Dëse Contenu gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo.

75 Joer Journal: Digitaliséierung an d'Inklusioun an de Medien - Chancen an Erausfuerderungen fir eng divers Zukunft

Scho laang sinn d'Zäiten eriwwer, an deene mir geduecht hunn, datt den Internet automatesch mat enger Demokratiséierung vu Medien an engem méi fräien Zougrëff op héichwäerteg Informatioune verbonne wier. Oft fillt et sech souguer éischter un, wéi wann all Schrëtt no vir een oder esouguer zwee Schrëtt no hanne mat sech bréngt. Digital Inklusioun stellt net nëmmen d'Medien ëmmer nach viru grouss Erausfuerderungen a vill Froen.

Op der Sich no Äntwerten hu mir mat véier staarke Stëmmen op dësem Terrain geschwat: Mara Kroth huet d'Non-Profit-Organisatioun "GoldenMe" matgegrënnt, déi sech dofir asetzt, datt déi eeler Generatioun méi Zougang zur digitaler Welt kritt, an engagéiert sech selwer fir LGBTQAI+-Rechter. D'Susanna van Tonder ass Aktivistin fir Mënsche mat Behënnerung a schwätzt iwwer Barrièren, déi oft onsiichtbar bleiwen. Eng Perspektiv zu Froen iwwer Kënschtlech Intelligenz gëtt eis de Misch Strotz, CEO a Matgrënner vun Neon Internet. An de Raphaël Kies, Fuerscher un der Universitéit Lëtzebuerg, hëlleft eis dobäi, déi Froe politesch anzeuerdnen.

*op Lëtzebuergesch