Evergreens by Spuerkeess
Sponsored content Article only available in German
E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.
#44 Tëscht Realitéit an Euphorie
K.I.-Euphorie, Rekordbewäertungen, Zentralbanken am Ëmbroch an eng nei Dynamik op de Finanzmarchéen : Dat éischt Hallefjoer huet gewisen, wéi séier sech Optimismus a Skepsis kënnen ofwiesselen.
Fir e Bilan vun de leschte séchs Méint ze zéien, hat de Bryan Huberty dräi Experte vun der Spuerkeess op Besuch. De Julien Ensch ass Head of Client Relationship Management, den Nick Huberty ass Sales Trader an de Julien Kohn ass Investor Relations Manager.
Si analyséieren, firwat d'Semiconductoren an d'K.I. d'Marchéen dominéieren, wéi eng Roll Gold, Energie a Japan an der aktueller Entwécklung spillen, a wat sech mat den Zentralbanken an Europa an den USA verännert.
All Episod vun Evergreens by Spuerkeess gëtt et och als Artikel nozeliesen.
Op Däitsch, Franséisch an Englesch.
Du wëlls méi?
Du bass och un engem Podcast interesséiert?