De Mini-Journal 2026
Article only available in German
Vum 20. bis den 31. Juli 2026 ass de Lëtzebuerger Journal zu Mini-Hesper ënnerwee. D'Mini-Journalist*innen, Fotograf*innen a Podcaster*innen aus der Kannerspillstad halen hir Matbierger*innen mat dësem Live-Ticker um Lafenden, iwwert alles wat zu Mini-Hesper passéiert.
Wat ass Mini-Hesper?
-
Mini-Hesper ass eng kleng Stad, déi fir zwou Wochen an de Räimlechkeete vum Centre Joseph Altmann zu Hesper entsteet. D'Kanner iwwerhuelen do verschidde Rollen: Si schaffen a Betriber, verdéngen hir eege Wärung an erliewen, wéi eng Gemeinschaft funktionéiert.
D'Stad gehéiert de Kanner. Si léieren dobäi op eng praktesch Aart a Weis, wat Verantwortung, Demokratie, Zesummeliewen a Kreativitéit bedeiten.
An hei iwwerhëlt de Lëtzebuerger Journal de Volet "Press".
D'Mini-Journaliste maachen Interviewen, froe kritesch no a verëffentlechen se am Mini-Journal, deen et iwwerall um Site selwer an hei op journal.lu ze liesen, ze lauschteren an ze kucke gëtt.
D'News um Freiden, 31. Juli
Mini-Hesper: Maxi-Highs a Mini-Lows
vun de Kanner vu Mini-Hesper
Mini-Hesper geet sou lues op en Enn. An an zwou Wochen ass vill geschitt: Vun Iwwerfäll, iwwer Chipsflation bis zu Hochzäiten. Mee wat ass bei den Awunner*innen am meeschten hänke bliwwen, a wat kann nächst Joer besser gemaach ginn?
Bei eiser klenger Ëmfro koum eraus: Schaffen huet eigentlech all de Kanner gutt gefall – sou gutt, dass sech d'Schülerinnen aus dem éischte an zweete Cycle wënschen, dass se genau sou vill Auswiel hätten, wéi déi méi al. A bei de méi alen ass déi grouss Auswiel u Beruffer richteg gutt ukomm: "Ech war iwwerrascht, wéi vill Spaass mer d'Jobs gemaach hunn", seet ee vun de Kanner. "Mee et gouf vill Gedrécks an de Schlaangen, an am Jobcenter." "Et gouf een deck vill gedréckt", seet den Alex. Direkt puer mol héiere mer, dass bei de verschiddenen Jobs net genuch Plaze gouf, an dass d'Schlaangen laang waren.
Gutt ukomm ass d'gratis Uebst.
Kontrovers war dann d'Kriminalitéit: "Dass sou vill geklaut gouf" seet e Meedchen, "huet mer guer net gefall." E bëssen anescht gesinn dat … d'Gangsteren selwer. Besonnesch gutt gefält engem nämlech "wa mer klauen, gi mer net laang an de Prisong. Jo, mer kënnen deck vill Saache klauen". Gehollef huet do och, dass no den éischte puer Deeg Ritschratschen un d'Posche vun de Mini-Hesper*innen gemaach goufen, dass et net sou einfach ass, aus hinnen ze klauen, oder Saachen ze verléieren. Dat, soen der puer, soll nächst Kéier direkt sou sinn.
Mee déi meescht soen: "Ech hat alles gären". A gefrot, wat hinnen am mannste gefält ass d'Äntwert meechtens: "Näischt."
Kuerz viru Schluss
Eng Fotoreportage
vum Alex an villen aanere Kanner vu Mini-Hesper
Den Alex weist eis puer vun de lëschte Momenter vu Mini-Hesper 2026 an enger Fotoreportage.
De Six-Seven-Cast #1
vum Andrea
E Podcast vun de Kanner, fir d'Kanner.
Episod 1 - Wat heescht Six Seven?
An der Pilot-Episod gi mir den Originne vum Meme op d'Spuer.
- Vu wou kënnt Six Seven?
- Wisou si Sechs a Siwen "déi wichtest Zuelen"?
- A wat ass iwwerhaapt ee Meme?
Den Andrea war an d'Mini-Disco an ass mat Äntwerte rëmkomm.
De "Six-Seven-Mënsch" um Dancefloor vun der Mini-Disco
Just Dance: Disco-Vibes zu Mini-Hesper
vun der Redaktioun
Party an der Mini-Disco
Chips-Gate suergt fir Inflatioun zu Mini-Hesper
vun der Redaktioun
An der zweeter Woch Mini-Hesper, ass et zu enger Inflatioun komm, esou de Sandro, Educateur vun der Maison Relais Alzingen. De Grond dofir? Chipsen.
D'Sourcen op der Plaz soen, ze vill Kanner iessen ze vill Chipsen.
Méi am Audio Interview.
De Sandro kuckt zeréck op 10 Deeg Kannerspillstad
Et ass Nationalfeierdag zu Mini-Hesper
vun der Redaktioun
Haut ass de leschten Dag Mini-Hesper.
Fir dat ze feieren, ass Nationalfeierdag ugesot: D'Kanner schaffen net, ma se ginn hir lescht Hesperlien aus. Si hunn eng Dozen Aktivitéiten zur Auswal. Disco, Sprangschlass oder Skateboard, et ass vun allem dobäi.
Och kënnen se hir Hesperly fir Panescher, Fan Merch oder Schmink ausginn.
De Jhang, dee Mini-Hesper matorganiséiert huet, huet dem Mini-Journal erzielt, wat "Nationalfeierdag" zu Mini-Hesper bedeit.
Interview mam Jhang vu Mini-Hesper
D'News um Mëttwoch, 29. Juli
Monitrice vum Dag: D'Delphine
Artikel vum Marie
D'Delphine ass Usträicher. Hatt huet een Bauerenhaff. Seng Déieren sinn en Hond, en Iesel, Schof, Kanéngecher, Poulet, a Schwäin. Hatt schafft säit 6 Joër, séng Lieblingsfaarf ass blo, an hatt huet alleguerten d'Mieresdéieren am léifsten.
Hatt huet 22 Joer.
Interview mam Pompjee Xavier
Interview vum Noah
Was macht die Putzgruppe?
von Charline (Text) und Stefania (Fotos)
Es arbeiten vier Kinder dort. Die Putzgruppe geht von einem Raum zum nächsten. Sie haben eine Zange. Damit nehmen sie den Dreck und machen ihn in den Mülleimer. Sie putzen die Tische mit einem nassen Lappen. Sie kehren den Dreck mit einer Bürste zusammen.
Die Arbeit ist wichtig, damit alles schön sauber ist. Die Leute sind froh, wenn die Putzgruppe kommt, weil dann alles sauber ist. In der Schreinerei ist das wichtig, damit zum Beispiel niemand auf dem Boden ausrutscht.
Interview mam Milan iwwert d'Aarbecht vun der Botzekipp
Kultur pur bei der Kunstakademie!
Ein Artikel von Charlene und Stefania
Rita, die Monitrice der Kunstakademie, hat diese Woche für viel kreativen Trubel gesorgt! Von Dienstag bis Donnerstag durften alle draußen Graffiti machen, zusammen mit einem Graffitikünstler vom Kamellebuttek. Die Kinder waren mit Feuereifer dabei und haben bunte Kunstwerke gezaubert.
Heute ist es ruhiger, aber wer will, kann trotzdem auf eigene Faust malen, das mit Pinseln, Schwämmen oder sogar Zahnbürsten.
Gestern gab es außerdem einen Skate-Workshop, bei dem die Kinder ihre eigenen Skateboards designen durften. Das traf auf viel Begeisterung.
Überall Müll: Mindestens eine Sache pro Meter
eine Fotoreportage von Charlotte und Amélie
Mit der Fotoreihe wollen die Mini-Journalistinnen darauf aufmerksam machen, dass man besser auf die Umwelt achten soll. Mini-Hesper ist voll mit Müll: Flaschen, Papiere, sogar ein Mandala und vieles mehr liegen dort, wo sie nicht hingehören.
D'News um Méinden, 27. Juli
Der stärkste Mann der Welt in Mini-Hesper
Interview, Artikel und Fotos von Luna und Damla
Heute trat der berühmte Kraftmensch Georges Christen beim Mini Hesper auf. Als erstes hat er Nägel aus Eisen gebogen. Dann hat er eine Bratpfanne aufgerollt. Dann nahm er eine Stahlstange, die er mit den Zähnen gebogen hat. Er hat gesagt, dass man das auf keinen Fall nachmachen soll.
Danach hat er ein Telefonbuch zerrissen, ehe er ein Mädchen und einen Mann darum bat, eine Flasche mit ausgestrecktem Arm zu halten. Das war sehr schwierig. Danach hat er ein Kind mit den Zähnen auf einen Tisch aufgehoben. Danach hat er einen schweren Mann mit den Zähnen aufgehoben.
Die Kinder waren begeistert, die Erwachsenen beeindrucht.
Georges Christen
Exklusiven Interview mam Georges Christen
De staarkste Mann vun der Welt.
Sie sehen gut aus und sie wissen es
von Luna und Damla
Die Mini-Journal-Redaktion hat die bestangezogendsten Mini-Hesperinger gekürt.
Traumjob Antreicher*in?
von Charline
Die Anstreicher malen verschiedene Gebäude an und malen immer kreative Sachen zum Thema. Es ist ein sehr entspannter Beruf. Sie haben schon das Gericht angemalt und die Gemeinde, die Polizei und die Bank und sogar das Reisebüro haben sie auch schon angestrichen. Wenn du auch kreativ bist und gerne malst, melde die ich Jobcenter für den Beruf Anstreicher an.
Hundestaffel in Mini-Hesper
Heute waren zwei Männer von der Spurensicherung in Mini-Hesper. Sie waren mit ihren Hunden zu Besuch. Mit den Hunden haben sie verschiedene Übungen gemacht, wie zum Beispiel einen Parcours mit Hütchen, wo unter einem Hütchen ein "Sprengstoff" versteckt war. Die Mini-Bürger*innen die sich beim Forschungszentrum eingeschrieben hatten, konnten teilnehmen.
Sou bleift Mini-Hesper sécher
vum Luna a vum Damla
Eis Mini-Journalistinnen hunn d'Police an d'Pompjeeë vu Mini-Hesper besicht, fir ze froen, wat rezent alles an der Minispillstad esou lasst war.
Hundestaffel Mini-Hesper
D'News um Freiden, 24. Juli
"Et war just Spaass"
vum Raphael, Charel a Felix
Jang a Falschgeldaffär zu Mini-Hesper zu 40 Minutte Prisong verurteelt – weider Persoun fräigesprach
Um Freidegnomëtteg gouf de Jang vum Geriicht vu Mini-Hesper zu enger Prisongsstrof vu 40 Minutte verurteelt. Doriwwer eraus huet de Riichter decidéiert, dass de Jang fir de Rescht vu Mini-Hesper vun engem Polizist misst bewaacht ginn.
De Beschëllegten huet viru Geriicht ausgesot: "Et war just Spaass". Hien hätt sech gelangweilt an dowéinst einfach probéiert fir Suen ze kopéieren. Doriwwer eraus sot de Jang, enger anerer beschëllegter Persoun als Prank Falschgeld zougestach ze hunn. Dës Person sot viru Geriicht, dass si direkt bei d'Police gaangen ass, wéi si dat gemierkt huet, an dass d'Police dunn nach hir Täschen duerchsicht hätt. Hiren Affekot sot herno, dat hätt d'Police net dierfen.
De Riichter huet d'Erklärung vum Jang guer net amüsant fonnt. De Riichter sot: "Dir hutt einfach Suen geholl ouni ze froen, dat ass Klauen." Dem Jang säin Affekot konnt näischt zur Verteidegung vu sengem Client soen.
En Donneschdeg war zu Mini-Hesper d'Falschgeldaffär un d'Luucht komm. Et gouf zu Mini-Hesper erzielt, eng Monitrice hätt versicht, op der Bank Falschgeld op hire Spuerkonnt ze setzen. Et hätt sech dobäi em 1 Hesperli-Schäiner gehandelt. D'Schäiner ware schwaarz-wäiss a just op enger Säit bedruckt.
An enger Kopismaschinn gouf nach méi Falschgeld fonnt. Dat waren 2 an 5 Hesperli-Schäiner.
Di beschëllegt Fra stung wéinst där Affär gëschter scho viru Geriicht. Si huet behaapt, d'Falschgeld vun enger anerer Persoun krut ze hunn. D'Police sot de Mini-Journalist*innen zu deem Zäitpunkt, nach ëmmer op der Sich ze sinn no enger zweeter Persoun. Kuerz virum Rendez-vous um Geriicht huet d'Police de Jang verhéiert.
Exklusiv Informatiounen iwwert d'Walen
vun der Redaktioun
Eis Mini-Journalisten goufen virun der Verkënnegung vun de Walresultater e Méindeg aus der Gemeng gewuer, wie gewielt gouf. Dat sinn déi aktuell Buergermeeschtesch Caroline, d'Co-Buergermeeschtesch Isabelle, de Jakob an de Lucas.
E Méindeg soll e neie Buergermeeschter oder Buergermeeschtesch bestëmmt ginn.
Dem Lukas a Jakob hir Walplakater goufen en Donneschdeg vun Onbekannten iwwerpecht an dat um Waldag.
Trotzdeem goufen déi zwee gewielt. De Charel huet zesumme mat Moniteuren a Monitricen di Plakater, déi op déi aner dropgepecht waren, op eng aner Plaz gehaangen. Sou dass all Kandidat*innen déi selwecht Chancen haten.
Interview mam Claudine, wat um Freideg mam Nicolas bestuet gëtt
vum Charel, Felix a Raphael
Firwat bestuet Dir iech?
Well ech frou mat him sinn an mir eis mega gären hunn.
Wéi fill et sech un bestuet ze ginn?
Ma et ass e schéinen Dag, et ass flott.
Dot Dir iech speziell un?
Dat kucke mir elo virun der Hochzäit.
Firwat bestuet Dir iech hei zu Mini-Hesper?
Well ech dat ganz flott fannen déi Organisatioun an déi Propositiounen, dé mir hei kritt un.
Wou hutt Dir iech kennegeléiert?
Op der Aarbecht. Mir schaffen zesummen.
Wéi frou sidd dir mateneen, op enger Skala vun 0 bis 10?
10.
(Froen Charel & Felix, Foto Raphael)
Interview mam Isabelle a Caroline iwwert d'Hochzäitszeremonie
Wéi leeft d'Hochzäitszeremonie of? Dat hunn de Felix, Raphael a Charel d'Buergermeeschtesch Caroline an d'Isabelle, Co-Buergermeeschtesch, gefrot.
D'News um Mëttwoch, 22. Juli
Les excursions de Mini-Hesper
par Helena et Leo
Mini-Golf & Glace
- Date: 21/07
- Dernière date d'inscription: 20/07
- Prix en Hesperly: 10
Riol
- Date: 22/07
- Dernière date d'inscription: 20/07
- Prix en Hesperly: 30
Surprise
- Date: 23/07
- Dernière date d'inscription: 21/07
- Prix en Hesperly: 10
Märeler Park
- Date: 24/07
- Dernière date d'inscription: 22/07
- Prix en Hesperly: 10
Piscine
- Date: 27/07
- Dernière date d'inscription: 23/07
- Prix en Hesperly: 10
Parc-Eiffel
- Date: 28/07
- Dernière date d'inscription: 24/07
- Prix en Hesperly: 30
CGDIS Hesper
- Date: 29/07
- Dernière date d'inscription: 27/07
- Prix en Hesperly: 10
Waligator
- Date: 30/07
- Dernière date d'inscription: 28/07
- Prix en Hesperly: 40
On Air – eng Fotoserie
vum Alex
Den Alex gëtt eis Ablécker vun de Stëmmen hannert dem Mini-Hesper-Radio.
Jakob a Lukas: "Mir kommen am Doppelpack"
vum Léa an Anna
Mini-Hesper*innen, muer si Walen.
Dir wësst nach net fir wie wielen? Keng Panik. D'Mini-Journalist*inne vum Mini-Journal hunn um Mëttwoch eng Podcast-Ronn mam Jakob a mam Lukas, allebéid Kandidaten organiséiert, fir all är Froen ze beäntweren.
"De Lukas huet ganz gutt Iddie mat der Ëmwelt. Ech wëll, dass mir zwee als Duo handele kënnen."
Jakob, Kandidat bei de Mini-Hesper-Walen
Wat sinn hir Prioritéiten? Wat maache si konkret, falls si gewielt ginn? An ass Mini-Hesper, Stad, wou déi lescht Deeg vill geklaut ginn ass, nach sécher?
All hir Äntweren ginn et elo an dëser Table Ronde.
De Mini-Hesper-Wale Podcast
De Jakob an de Lukas beim Léa a beim Anna am Interview.
Ob de Jakob an de Lukas gewielt ginn, dat fanne mer de Freiden eraus.
De Pompjeesasaz
vum Alex
De coolsten Asaz bis elo, esou d'Pompjeeën.
Ausflug in den Eifelpark
von Léa und Anna
Ab jetzt könnt ihr euch für einen Ausflug in den Eifelpark anmelden im Reisebüro.
Der Ausflug findet am 28.7.2026 statt und kostet 30 Hesperly.
Hier gibt es viele Tiere und Aktionen zu entdecken.
VIEL SPASS IM EIFELPARK!
Eifelpark
Dossier – Alles iwwert d'Walen
vum Léa an Anna
D'Wale kommen ëmmer méi no zu Mini-Hesper.
D'Mini-Journalistinnen vum Mini-Journal hu sech op d'Sich no de 4 Kandidat*inne gemaach an hu si gefrot, wee si sinn, fir wat si stinn, a wat aus hinne gutt Politiker*inne mécht.
Lukas, ass empathesch
Jakob, hält seng Verpriechen
Gewielt gëtt muer, den Donneschden.
Skandal: Iwwerfall am Beautysalon
vun der Redaktioun
De Kilyan huet de Beautysalon iwwerdall.
Hien huet 68 Hesperlien geklaut. Dat si méi, wéi 5 Aarbechtsstonnen.
De Kylian war allerdéngs net eleng, ma mat sengem Kompliz, den Nolan. De Kilyan gouf zu 40 Minutte Prisong veruerteelt, den Nolan zu 20 Minutten.
Weider Schëlleger ginn nach vun der Police gesicht.
Exklusiv Foto vum Iwwerfall
Dësen Iwwerfall ass leider keen Eenzelfall.
E puer Bierger*innen hunn sech déi lescht Deeg bei der Police gemellt, well se beklaut goufen. Verschidden Entreprisen schwätze vu Fäll vu Corruptioun.
Sinn d'Stroosse vu Mini-Hesper nach sécher?
Das Rathaus strahlt in neuen Farben
von Anna und Léa
Das Rathaus wird renoviert in den Farben Rosa, Blau und Gelb. Wir waren vor Ort und haben zwei Mädchen interviewt.
D'Mini-Gemeng gëtt nei gemaach
Eng Reportage bei de Pompjeen
vum Léa a vum Anna
Wat schaffen d'Pompjeen?
D'News um Méinden, 20. Juli
Collision avec l'arbre
par Rafael et Alex
Vers 14h30 les pompiers ont contacté le Mini-Journal pour informer sa rédaction d'un accident.
En effet, une personne est accidentellement tombée contre un arbre, puis dans les buissons. Les pompiers sont vite intervenus et lui ont administré les premiers soins.
Alors qu'un hélicoptère est sur le point d'emmener la victime à l'hôpital, nos mini-journalistes ont interviewé le pompier en charge.
Interview avec les sapeur-pompiers en rescousse
Bientôt un nouveau design pour le Hesperly
par Rafael et Alex
Hesperly – c'est comme ça que s'appelle la monnaie de Mini-Hesper.
Si Mini-Hesper ouvre ses portes aujourd'hui pour la première fois en 2026, elle n'en est pas à son premier essai. Les Hesperly existent depuis bien longtemps… C'est pourquoi il a été jugé nécessaire d'en rafraichir le visuel.
Michael, un jeune dessinateur de la ville, est passé au Mini-Journal pour nous montrer sa proposition. "L'ancien Hesperley ressemble trop à l'Euro", critique-t-il.
Michael (à gauche) présente sa version du Hesperly 2026
"Pour le moment, l'image n'a pas encore été mise sur ordinateur. Pour le moment, ce n'est encore qu'un coloriage."
À voir maintenant si sa proposition sera retenue par la banque.
Die ersten Arbeitsstunden
von Léa und Anna
Am ersten Tag in der Arbeitswelt stellt sich die Frage: Was arbeiten die Leute denn so? Wie zufrieden sind sie? Würden sie vielleicht gerne etwas anderes machen?
Das Mini-Journal lernt die Berufe und die Leute hinter den Jobs kennen.
Interview mam Miguel
vum Rafael a vum Alex
- Ass d'FIFA corrupt?
- Huet Spuenien d'WM verdéngt gewonnen?
- A wie si momenan déi bescht Spiller?
Eise Mini-Journalist, de Rafael, huet de Miguel no senger Meenung gefrot.
So gefällt die Arbeit
von Felix und Yousef
In Mini-Hesper wird fleißig gearbeitet – und das mit ganz viel Spaß! Das Mini-Journal hat sich umgehört, wie es den Kindern an ihren Arbeitsplätzen gefällt.
Am Kiosk
Am Kiosk sind Antoni (9), Maximilian (10) und Nikita (9) im Einsatz. Für sie stand von Anfang an fest: Hier wollten sie arbeiten! Die drei verkaufen Snacks wie Bonbons, Chips und Schokolade sowie verschiedene Getränke. Kein Wunder, dass bei ihnen ständig Kundschaft ansteht. Für Antoni, Maximilian und Nikita ist klar: Das Projekt Mini-Hesper macht riesigen Spaß.
Die Schreinerei
Auch bei Ruben (12) und Raphaël (11) läuft es rund – allerdings anders als geplant. Die beiden wollten eigentlich im Café arbeiten, doch dort war leider kein Platz mehr frei. Kurzerhand haben sie sich für die Schreinerei entschieden – und das hat sich gelohnt: Mittlerweile arbeiten die beiden mit viel Freude mit Holz und sind mit ihrem neuen Job rundum zufrieden. Auch für sie gilt: Mini-Hesper macht Spaß!
Bei der Polizei in Mini-Hesper
von Léa, Anna und Sarah
Auch bei der Polizei in Mini-Hesper ist einiges los. Heute ist zwar noch nichts Aufregendes passiert, trotzdem gibt es viel zu tun. Die Polizist*innen müssen ordentlich arbeiten – Spaß macht es ihnen trotzdem, und anstrengend finden sie es zum Glück nicht.
Na wenn das so einfach ist…
Vor Beginn ihres Einsatzes wussten sie noch nicht genau, was die einzelnen Verkehrsschilder bedeuten. Mit dem Fahrrad fahren konnten sie aber schon von Anfang an gut umgehen. Mittlerweile kennen sie sogar das richtige Handzeichen: Beim Abbiegen können sie den Arm sicher rausstrecken.
Die meisten der jungen Polizist*innen sind sich einig: Das beste ist es, vielleicht einmal Diebe zu fangen.
Eilmeldung: Diebstahl bei der Post
von Vasco und Katarina
Drei Leute wurden angehalten. Sie wurden vor Gericht zitiert, denn scheinbar aus den Kassen der Post geklaut. Es handelt sich um mindestens drei Erzieher*innen, vielleicht sogar vier, so Jessica, die ebenso Erzieherin ist. Erschreckend – denn sie sollten doch den Kindern ein gutes Beispiel sein!
Sie wurden zu 25 Minuten Gefängnis verurteilt. Das wurde nach fünf Minuten beschlossen.
Was genau passiert ist, weiss das Mini-Journal bis jetzt noch nicht. Der Prozess war nämlich sehr chaotisch. Nur zwei der drei sind mit Anwalt aufgetaucht. Diese wollten uns keine Informationen preisgeben.
Polizei nimmt Erzieher*innen fest
Qui sont les élus de Mini-Hesper?
par Martone
Caroline (Bourgmestre)
- Couleur préférée: Toutes!
- Animaux préférés: Tous… sauf les chèvres.
- Pourquoi elle a voulu être élue: Pour que tout le monde s'amuse, que les enfants soient bien payés et heureux.
Caroline, actuelle bourgmestre de Mini-Hesper
Isabelle
- Couleur préférée: Mauve.
- Animal préféré: Le tigre blanc.
- Pourquoi elle a voulu être élue: Parce que d'autres enfants lui ont demandé de se présenter.
Isabelle organise le Mol- & Bastel-Concours qui aura lui demain, mardi 21 juillet à Mini-Hesper. Tout le monde peut s'inscrire. Cependant, seules 30 personnes pourront participer. Elles seront tirées au sort.
Charles
- Couleur préférée: Bleu.
- Animal préféré: Aucun.
- Pourquoi elle a voulu être élue: Parce qu'il en avait envie.
Pour Charles, les prix devraient augmenter le mercredi. Selon lui, un produit à 2 Hesperly le reste du temps devrait couter 3 Hesperly le mercredi.
En ce qui concerne les voleurs et voleuses, leur punition devrait être de devoir rembourser le double de la somme volée. Celui qui vole par exemple 12 Hesperly, soit l'équivalent d'une heure de travail, doit rembourser 24 Hesperly.
Reste à voir si d'autres enfants se présenteront aux élections ces prochains jours.