De Mini-Journal

By Lëtzebuerger Journal Article only available in German

Vum 21. Juli bis den 1. August 2025 ass de Lëtzebuerger Journal zu Mini-Lënster ënnerwee. D'Mini-Journalist*innen, Mini-Fotograf*innen a Mini-Podcaster*innen aus der Kannerspillstad halen hir Matbierger*innen mat dësem Live-Ticker um Lafenden, iwwert alles wat zu Mini-Lënster passéiert.

Wat ass Mini‑Lënster?

D'News um Freiden, 1. August

Edito – Ganz flott, mee net ëmmer alles Friede Freude Eierkuchen

vum Holly a Marie

An de leschten zwou Wochen hunn sech vill Leit gutt zu Mini-Lënster ameséiert – Friede Freude Eierkuchen war et awer leider och net ëmmer, wéi dat esou virkomme kann, wa vill Kanner zesummekommen.

Schonns an den éischten zwee Deeg war, zumools beim Job oder Flop, vill Chaos: D'Reie waren ëmmer laang, well et net genuch Aarbechtsplaze gouf. Mir selwer wollte bei d'Police, a krute gesot, mir sollte fir 12 oder 2 Auer bei den Job oder Flop goen. Wéi mir ukoumen, hu mir firtéischt eng Stonn laang do gewaart, an dann huet sech awer erausgestallt, dass et anscheinend ëmmer nëmmen zwou Aarbechtskaarte fir de Cycle 3.1. gëtt. Dat huet eis immens rose gemaach.

Et gouf och dacks geklaut. Zum Beispill gouf dem Eva, dat mat eis an der Kichen de Moment geschafft huet, Donneschde säi ganzt Geld geklaut: alles, wat hatt sech zesummegespuert an haart erschafft huet. Mir sinn du bei d'Police gaangen, mee déi hunn sech net drëms gekëmmert, soudass et un eis war, Zäit ze verléieren, fir den Déif selwer ze fannen a bei d'Bank ze goen. Dobäi war dat awer net eis Responsabilitéit.

Och bei der Bank gouf et vill Problemer wann et drëms gaangen ass, de Kanner hir Paien auszebezuelen: fir déi nämmlecht Schaffzäite goufen alt 25, dann 5, dann 20 Lënsto ausbezuelt, well ënnert dem Stress vill Läit net sou genau dorobber opgepasst hunn, wie lo wéi vill Sue krut. E Problem, dee well verschwanne géif, wann d'nächst Joer de Cycle 1 net an enger Bank géif agestallt ginn.

Insgesamt gouf et vill Probleemer, a leider gouf dacks net richteg gehandelt sécher net aus béisem Wëllen, mee fir Chaos huet dat awer gesuergt. Spaass hate mer trotzdeem, et gouf vill flott an onvergiesslech Momenter, a mir wëllen nach ëmmer d'nächst Joer zeréckkommen. Puer Saache mussen sech trotzdeem änneren a besser organiséiert ginn, wann et em Aarbechtsplaze geet.

Déi grouss Ofschlossparad

eng Fotoserie vum Liam

Haart Musik an Drinks: Ofschlossfeier an der Flamingo Bar

vum Holly a Marie

An der Flamingo Bar ass d'Ofschlossfeier vun der 8. Editioun vu Mini-Lënster schonn amgaang. Fir Musik an Drinks ass gesuergt – an d'Kanner hu Spaass, wéi si eis et erzielt hunn.

D'Party vun der Flamingo Bar

00:00
00:00

EXKLUSIV: Mini-Journal infiltréiert Mafia

vum Tom a vum Jang

Chaos herrscht um leschte Mini-Lënster Dag. Déi eng preparéieren d'Parade, déi op 16h00 verréckelt ginn ass. Déi aner suerge fir Terror: D'Mafia. An hir Memberen verstoppe sech net méi.

Um Mikro vum Mini-Journal huet hire Boss d'Police sou guer ëffentlech menacéiert.

Police vu Mafia menacéiert

00:00
00:00

BREAKING: D'Mafia huet versicht d'Bank zu Mini-Lënster ze iwwerfalen

vum Tom a vum Jang

D'Police krut d'Gang déi aus fennef Persoune bestoe soll, gestoppt an huet hiere Boss festgeholl. De Mini-Journal huet en exklusive Interview mat der Police doriwwer, wat genee geschitt ass. 

Kuerz dono ass de Sträit tescht der Police an der Mafia weider escaléiert: E Polizist ass vun der Mafia géint den Eck vun engem Desch geschubst ginn.

Den Noah, Polizist, iwwer de versichten Iwwerfall vun der Mafia an d'Aarbecht vun der Police

00:00
00:00

Verfollgungsjuegd tëscht der Police an der Mafia

Eis Journalisten hunn de Mafiaboss fonnt

Vun der Kannerspillstad bis an déi richteg Gemeng: Den eemolege Mini-Lënster Buergermeeschter Mich Weber sëtzt haut am Gemengerot vu Jonglënster

een Audio-Interview vum Jang

De Mich Weber ass een eemolege Buergermeeschter vu Mini-Lënster. Haut ass hie Member vun der CSV a setzt am Gemengerot vun der Gemeng Jonglënster. Eise Mini-Journalist de Jang huet hie gefrot, wat hien als Kand an der Kannerspillstad geléiert huet a ob him seng nei Roll gefält.

 

De Mich Weber am Interview

00:00
00:00

D'Wirtschaft dréint zu Mini-Lënster

vum Jang

De Jang huet d'Kanner zu Mini-Lënster gefrot, fir wat si um leschten Dag hir Sue wëllen ausginn.

 

Wat méchs du mat dengem Geld?

00:00
00:00

Eng Reportage iwwer de Mini-Zirkus

vum Sophie, Emma an Ines

D'Sophie, d'Emma an d'Ines hunn d'Kanner am Mini-Zirkus gefroot, wat si maachen an ob hinnen dat Spaß mecht.

 

De Mini-Zirkus

00:00
00:00

D'Buergermeeschtesch Annabelle Fisch am Portrait

vum Juliette an Héloïse

Säit e Mëttwoch ass den Arthur net méi Buergermeeschter, ma d'Annabelle. Mir haten déi nei Buergermeeschtesch am Interview.

 

D'Buergermeeschtesch Annabelle Fisch am Portrait

vum Juliette an Héloïse

00:00
00:00

Die Kandidaten der Olympiade

vum Liz a vum Pir

Heute findet in Mini-Lënster eine Olympiade statt. Wir haben drei Kandidaten gefragt, wie es für sie gelaufen ist. Ein Mädchen war beim Jimbo, wo man unter einer Stange durchgehen muss. Sie fand es nicht schwer, weil sie das sehr gut kann. Es macht ihr auch sehr viel Spaß. Ein anderer Junge, der teilgenommen hat, war beim Fitness-Bingo. Dort muss man würfeln und die Fitness-Übung machen, die der gewürfelten Zahl zugeordnet ist. Er fand verschiedene Übungen einfach und andere kompliziert. Er hatte nicht das Gefühl, dass er gewinnen wird sondern eher, dass er zweiter oder dritter werden könnte. Es hat ihm großen Spaß gemacht. Das letzte Mädchen, das wir interviewt habe, war beim Schnick-schnack-schnuck. Das machte ihr viel Spaß und sie fand es nicht schwer. Sie war zuversichtlich, dass sie gewinnen kann. Insgesamt hatten alle Kinder viel Spaß bei der Olympiade.

D'Betriber vu Mini-Lënster bereede sech op d'Parade vir

Een Artikel vum Liz, Pir a Julie

Fir de leschten Dag vu Mini-Lënster fënnt an der Kannerspillstad eng Parade vir. Eis Journalist*innen hu sech gefrot, wéi déi verschidde Betriber aus der Stad sech dorop virbereeden.

Zeitung

Sie molen ee Plakat fir d'Werbung vun der Parade.

Art Attack

Sie wëssen et nach net.

Schräinerei

Sie machen ee Scheld, wou "Schräiner" drop steet an eng Bänk, déi rulle kann a wou sech ee vun der Schräinerei drop ka sëtzen.

Um 15h00 geet et mat der Parade lass.

De leschten Dag zu Mini-Lënster huet ugefaang

Interviews vum Josefin a vum Jang

D'Josefine an de Jang hunn d'Kanner gefroot, wéi hinnen déi zwou Wochen zu Mini-Lënster gefall hunn.

De leschten Dag zu Mini-Lënster

00:00
00:00

D'News um Mëttwoch, 30. Juli

Mini-Lënster huet gewielt: D'Annabelle ass déi nei Buergermeeschtesch

Interviews und Fotos von Lena, Camille, Nina, Nora und Noah

Annabelle ist bereits seit einer Woche im Gemeinderat. Heute wurde sie mit 119 Stimmen zur Bürgermeisterin gewählt. Der amtierende Bürgermeister Arthur wurde somit nicht mehr wiedergewählt. Er ist jetzt erster Schöffe und hat 99 Stimmen erhalten. In ihrer Rede hatte Annabelle gesagt: "Hier haben wir schon viel erreicht, das hat Spaß gemacht. Ihre Ziele sind es, die Preise anzupassen, weil diese in verschiedenen Unternehmen sehr niedrig, in anderen wiederum sehr hoch seine. Sie will auch mehr Arbeitsplätze schaffen und setzt sich für eine Transparente Politik ein. "Schreibt einen Brief an die Gemeinde, wir lesen sie alle." Unsere Mini-Journalist*innen haben sie direkt nach ihrer Wahl gefragt, wie es sich anfühlt, Bürgermeisterin zu sein. 

Annabelle ist die neue Bürgermeisterin von Mini-Lënster

EXKLUSIV: Den éischten Interview mam Annabelle, der neier Buergermeeschtesch vu Mini-Lënster

00:00
00:00

Der neue Gemeinderat

Dossier: Léon Gloden, Ben Ries, Gilles Baum und Tom Weber zu Besuch bei Mini-Lënster

Audio-Interviews von Claire, Sophie und Ines

Unsere Mini-Podcaster*innen waren mit ihren Mikrofonen vor Ort.

D'Claire, d'Sophie an d'Ines interviewen de Léon Gloden

00:00
00:00

D'Claire, d'Sophie an d'Ines interviewen de Buergermeeschter vu Jonglënster, de Ben Ries

00:00
00:00

D'Claire, d'Sophie an d'Ines interviewen de Gilles Baum aus dem Jonglënster Schäfferot

00:00
00:00

Umfrage: Bekannte Gesichter unter den Favoriten

Eine Umfrage von Faye und Frederik

Die Mini-Journalist*innen haben den Puls der Wählenden gemessen und sie nach ihrer Wahlentscheidung gefragt.

Zu den Favoriten zählen der amtierende Bürgermeister Arthur, die jetzige Schöffin Annabelle und Paul, der vor allem für seine Anstreichkünste in Mini-Lënster bekannt ist. Jede*r Bürger*in kann in Mini-Lënster vier Stimmen abgeben.

Es bleibt also spannend, wer in 5 Minuten als Bürgermeister*in verkündet wird.

Interview vum Claire, Sophie an Ines mat de Wieler

00:00
00:00

Live: Mini-Lënster huet Besuch

Den Inneminister Léon Gloden an de Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries sinn zu Mini-Lënster. Eis Mini-Journalist*innen hunn näicht dovu verpasst.

Minister Léon Gloden a Buergermeeschter Ben Ries op Besuch

Interview von Noah mit dem Polizeiminister Léon Gloden

00:00
00:00

Minister Léon Gloden am Interview

Wéi ee*eng Kandidat*in huet dech am meeschten iwwerzeegt?

Eng Reportage vum Claire a vum Pir

Eis Mini-Reporter*innen waren no de Riede vun de Kandidat*innen an de Stroosse vu Mini-Lënster ënnerwee, fir no hirer Meenung ze froen.

00:00
00:00

Haut gëtt een neie Gemerot gewielt

Reportage a Fotoe vum Nora

Virun enger Woch huet Mini-Lënster gewielt. Säit deem ass den Arthur Golkowski Buergermeeschter. Mat him am Gemengerot setzen d’Annabelle, esou wéi de Pit an d’Denize, déi sech dës Woch awer net méi opstellen.

Bleiwt den Arthur Golkowski Buergermeeschter vu Mini-Lënster? Eisem Sondage vun e Méinden no, ass d’Äntwert "Jo". Déi offiziell Bestätegung kréie mer awer réicht haut am Nomëtten: 11 aner Kanner hu sech opgestallt a wëlle seng Plaz.

D'Kandidate sinn déi follgend Kanner:

D'Walbüroe ginn um 14h15 – no de Rieden – op.

D'Resultat fält um 16h30.

Tolle Instrumente im Rockmobil 

von Fynn

Im Rockmobil machen die Kinder aus Mini-Lenster mit verschiedenen Instrumenten Musik. Mini-Journalist Fynn  hat einen von ihnen gefragt, wie es ihm gefällt. Ben sagt: "Es macht viel Spaß!" Er spielt Schlagzeug. Das Rockmobil ist sein Lieblingsberuf in Mini-Lënster.

Änder über das Rockmobil

00:00
00:00

Les enfants lisent-ils les affiches ?

Un reportage audio de Betty et Lena 

Elections, informations, conseils… Beaucoup d'affiches trônent sur les murs des boutiques et métiers de Mini-Lënster. Mais est-ce que les gens les regardent vraiment ? C'est la question que se posent Betty et Lena.

00:00
00:00

Travail manuel 

Une série photo d'Amy et Samantha

Im Rockmobil erlernen die Kinder neue Instrumente

Von Ida, Tracey, Noémie, Maya

Im Rockmobil können die Kinder viele verschiedene Instrumente ausprobieren. Wie der Name schon verrät, handelt es sich hierbei um Instrumente, die in der Rockmusik zum Einsatz kommen. Das heißt aber nicht, dass dort nur Rockmusik gespielt wird. "Wir machen auch andere Musikarten", sagt Sascha. Er ist hauptberuflich Bassist, spielt aber auch Schlagzeug und beherrscht alle Instrumente, die es im Rockmobil gibt: Keyboard, Schlagzeug, Bass, Gitarre und Gesang. Sein Kollege Jonas ist beruflich Sänger und Gitarrist. Beide wurden von der Schule beauftragt, den Kindern Musik beizubringen. Fünf Kinder in einer Gruppe machen mit. Gerade üben sie den Rhythmus. "Das macht ganz großen Spaß hier mit den Kindern zu spielen", sagen beide. 

Obwohl in Mini-Lenster so viel geklaut wird, wurde im Rockmobil noch nichts entwendet. "Wir haben nur liebe Kinder hier im Bus und bisher können wir uns nicht beklagen", sagt Sascha. 

Das Rockmobil

00:00
00:00

De Mini-Dokter Philippe hëlt eis mat a seng Praxis

Eng Audio Reportage vum Rodrigo

00:00
00:00

D'News um Méinden, 28. Juli

De räichste Mënsch aus Mini-Lënster

Eng Reportage vum Jang

Ween ass de räichste Bierger aus Mini-Lënster? Dat ass déi leschte Fro, déi sech d’Mini-Journal Redaktioun gestallt huet. Ouni sécher ze sinn, ob mir e fannen oder net, hu mir eis op d’Sich gemaach… a mir hunn e fonnt.

Zu Mini-Lënster verdéngt een 8 Lënsto d'Stonn.

Och wann de Gemengerot rezent d'Steier op de Revenu ofgebaut huet, bleift et rar, Kanner ze fannen, déi méi, wéi 100 Lënsto an der Täsch hunn. Ma wéi an all Stad ginn et och hei Leit, déi vill méi Geld hunn, wéi déi Aner.

Mir hunn nom räischste Mënsch aus Mini-Lënster gesicht – a mir hunn e fonnt. Am Gemengerot. Mat 700 Lënsto ass ee vun de 4 Schäffen aus der Kannerspillstad bäi wäitem d'Kand, mam meeschte Geld. Hien huet eis Redaktioun gefrot, fir säin Numm net ze nennen… Mee wéi krut hien et hin, fir esou vill Lënsto ze cumuléieren? Wat mécht en domat? A wéi fillt et sech un, de räichste Mënsch aus der Stad ze sinn?

"D'Mafia? Déi si mir egal. Déi kënne kommen."

De räichste Mënsch aus Mini-Lënster

"Ech weess net [sécher], ob ech de räichste sinn, mee ech denke schonn", huet hien eis erzielt. "Ech kenne quasi jiddereen aus der Maison Relais Manternach. Si waren nëmmen eng Woch hei an hu mir all hir [iwwereg] Lënsto ginn." Wéi vill Lënsto e genau huet, weess hie selwer net: "Iwwer 700."

Ma 700 Lënsto kéint een an zwou ganz Woche Mini-Lënster mol net ausginn. "Entweeder ginn ech se u Leit, déi an zwee Joer rëm hei sinn." Dat wier déi altruistesch Optioun. "Oder ech ginn an de Bistro a bezuele mer 10 Plateaue vun iergendeppes."

Ee vun de Grënn, wisou de räichste Mënsch aus Mini-Lënster anonym bleiwe wëll, ass bestëmmt, fir säi Geld net geklaut ze kréien.

Ma Angscht huet en awer net: "D'Mafia? Déi si mir egal. Déi kënne kommen."

Mini-Bürger*innenversammlung am Montag - Kein Springen auf Polstern, mehr Arbeitsplätze und kommende Wahlen

Jang und Oscar berichten über die Bürgerversammlung am Montag um 16.00 Uhr in Minilënster. 

00:00
00:00

Drei Berufe, drei Perspektiven: "Arbeit ist nicht anstrengend."

Von Tim

Schreiner David werkelt an einer Kiste. "Man soll die gratis mit Wasser befüllen können", erklärt er uns. Die Arbeit ist nicht anstrengend, und das Arbeiten ist das Schönste an Mini-Lënster: es macht Spaß. Besonders stolz ist er auf seine Arbeit als Schreiner.

Anders sieht das bei Mara der Frisörin aus. Sie ist nicht besonders stolz auf etwas, das sie getan hat, aber ihr gefällt es, das Erwachsenenleben nachzuspielen. Anstrengend ist die Arbeit nicht. Das Geld hat Mini-Lënster mit der Zeit verschönert.

Am Infopoint wird tüchtig geschuftet. Aber: "Mini-Lënster ist nicht schöner geworden", sagt Nathan. Ihm gefiel die Arbeit bei der Feuerwehr besser. Das schönste ist das Kino. Arbeiten ist nicht anstrengend.

Oscar macht Interviews über Mini-Jobs

Oscar hat in Mini-Lënster mit vielen Mini-Bürger*innen seinen ersten Podcast aufgenommen. Er redet mit ihnen über ihre Jobs und ob sie schwer oder einfach sind. 

00:00
00:00

Bourgmestre Arthur Golkowski: "Je suis très juste"

Un portrait de Samuel et Julian

Depuis mercredi dernier, Arthur Golkowski est le bourgmestre de Mini-Lënster. Élu par une grande majorité, son statut sera remis en cause lors de nouvelles élections ce mercredi, 30 juillet. Nos mini-reporters lui ont rendu visite afin de dresser son portrait.

Artur Golkowski, Bourgmestre de Mini-Lënster

Samuel: "Quand es-tu né ?"
Arthur : "Le premier août 2013."
 

Samuel: "Combien de Lënsto as-tu ?"
Arthur : "Environ 112 Lënsto…"
 

Samuel: "Est-ce que tu as déjà volé ?"
Arthur: "Non, je suis quelqu'un de très légal."
 

Samuel: "Est-ce que tu as travaillé avant d'être bourgmestre ?"
Arthur: "Oui, j'ai travaillé au Job oder Flop et pour le Flamingobar."
 

Samuel: "Est-ce que tu traites tous les enfants de la même façon ?"
Arthur: "En fait, oui." 
 

Samuel: "Est que tu traites tes amis mieux que les autres ?"
Arthur: "Non, je suis très juste !"
 

Samuel: "Tu vas de de nouveau te présenter pour devenir bourgmestre ?"
Arthur : "Oui, je vais m’inscrire."
 

Samuel : "Est-ce que tu es vraiment aussi honnête que tu le prétends ?"
Arthur: "Oui!"

Samuel: "Quel est ton plat préféré ?"
Arthur: "Les sushis."


Samuel: "Est-que tes amoureux ?"
Arthur: "Non, ce n'est pas trop mon truc."


Samuel: "Quel est ton club de foot préféré ?"
Arthur: "Le BVB et le Bayern de Munich !"


Samuel: "Quel sont tes origines?"
Arthur: "De la Pologne, l'Ukraine et le Luxembourg."

De Lënster Podcast - Ep.1

E Podcast vum Jang, Alex a Charel

An dëser éischter Episod vum Lënster Podcast hëlt de Jang a seng Kolleegen, den Alex an de Charel, dech mat an de Stroosse vu Mini-Lënster. Hunn d'Bierger*innen hei Spaass? Wat schaffen se? A waren eigentlech scho virun 2 Joer hei? Genee dës Froen huet hien de Kanner gestallt. Du wëlls hir Äntwerten héieren? Da lauschter lo eran!

00:00
00:00

Flou artistique

Eng Fotoserie vum Daniel

Wale vun e Mëttwoch: Arthur Favoritt fir zweete Mandat

Vum Mila, Emma a Clara

De Mëttwoch sinn erëm Walen zu Mini-Lënster. Eisen Informatiounen no wëllen sech 2 Memberen vum Schäfferot nees präsentéieren – an de Buergermeeschter Arthur ass een dovun.

Mat enger grousser Majoritéit ass den Arthur Golkowski leschte Mëttwoch zum Buergermeeschter vu Mini-Lënster gewielt ginn. Eng Woch an e puer Entscheedunge méi spéit, gëtt et elo sou lues Zäit, fir zeréck an de Walkampagne-Modus ze kommen.

De Mëttwoch sinn erëm Walen

D'Bierger*inne si sech eenz: Den Artur soll Buergermeeschter bleiwen

00:00
00:00

Fir den Arthur gesinn eis Statistiken och ganz positiv aus. Op engem Panel vun 11 Bierger*innen hunn 100% vun de Kanner gesot, se géingen en nach eng Kéier wielen. Besonneg gefällt hinne seng Entscheedung, d'Steieren op de Revenu ofzeschafen.

Och wann dës Diskussioun fir eng grouss Inflatioun gesuergt huet.

Diebstahl und Mafias in Mini-Lënster?

Von Timofei, Andrei und Edgar

Wir haben beobachtet, dass in Mini-Lënster viel gestohlen wird: Von Geld bis hin zu Säften und Cocktails aus der Flamingo-Bar. Besonders auffallend sind die leeren Geldbörsen, die auf dem Boden liegen… Das Journal geht der Sache auf die Spur.

Einige Unternehmenden berichtet von Diebstählen: das Materiallager zum Beispiel wurde 3 Mal beklaut. Die Bank sagt nicht viel, berichtet allerdings von 5 Fällen. Die Polizei weiß da mehr zu sagen: immer wieder muss die Crew Einzelpersonen und sogar Banden aufspüren. Bisher kam es zu 12 Strafverfahren. Letzte Woche wurde eine Mafia-Bande anscheinend aufgelöst: geklaut wird offensichtlich aber immer noch.

Wir haben ein ehemaliges Bandenmitglied aufgesucht, er ist uns allerdings entwischt und erklärte sich nicht zum Interview bereit.

Gesucht: Bensabu plant "Gericht zu manipulieren"

Von Mara, Julie, Rom

Wir haben diese Information von dem Kommissar Philippe der Polizei in Mini-Lënster. Die Polizei sucht Bensabu, einem jungen Mann im Alter von 26–32 Jahren. Die Polizei sagt: "Er will das Gericht manipulieren." Die Polizei hat das Gericht die ganze Zeit im Auge. Die Polizei weiß diese Information von der Interpol. Bensabu hat einen Cousin mit Name Benjabu der auch im Ausland gesucht wird, weil er die Gummibärchenfabrik manipuliert hat. Jetzt will Bensabu hier das Gericht manipulieren, um noch ein schlimmerer Gangster zu sein, als sein Cousin.

Wenn ihr etwas hört, dann meldet euch bei der Polizei.

D'News um Freiden, 25. Juli

WICHTEG: Geriicht vu Mini-Uschlo viséiert

Een Artikel vum Ella, Lyana a Julie

Der Police no plangt ee Mini-Bierger een Uschlo op d'Geriicht.

Um 16 Auer goufen eis Mini-Journalistinnen dovun informéiert: E sougenannten "Benjabum" plangt een Attentat op d'Geriicht vu Mini-Lënster fir d'nächst Woch.

Fantombild: Esou gesäit de Benjabum aus

D'Police hält hir Aen op fir all aussergewéinlecht Behuelen a fuerdert d'Bierger*innen un, all Individu, deen de follgende Karakteristike entsprécht, beim Policebüro ze mellen.

"De Benjabum gesäit ganz eenzegaarteg aus, e misst opfalen."

Chef vun der Police

De Benjabum ass 1,80 Meter grouss, huet e grénge Brëll, laang gekrauselt Hoer an huet giel Stiwwelen, e roud Hierm an eng Jeans un.

D'Police mécht alles, fir dass et net zu engem Benja-Boom kënnt.

Mir halen iech mat all Neiegkeet um Lafenden.

Einige Geschäfte haben ihre Preise erhöht

Ein Artikel von Francisco und Mathis

Wir haben eine Umfrage gemacht, um herauszufinden, wie die Betriebe es finden, wenn sie 20 Prozent ihres Gewinns abgeben müssen. Wir haben herausgefunden, dass einige Geschäfte ihre Preise inzwischen erhöhen mussten, um ihre Kosten zu decken und Leute zu beschäftigen. So kostet ein Passfoto inzwischen 10 statt 5 Lënsto. Andere haben ihre Preise noch nicht angepasst. Ein Bürger sagte dem Mini-Journal, es sei "schlecht", dass alles teurer wird.

De Buergermeeschter Arthur am Interview

Die Gemeinde hat am Freitag angekündigt, dass Betriebe unter Umständen nur 10 statt 20 Prozent Steuern zahlen müssen, wenn sie dazu einen schriftlichen Antrag stellen. Das Mini-Journal weiß allerdings von zwei Betrieben, die bereits vor der Ankündigung der Gemeinde weniger Steuern zahlen mussten als alle anderen Betriebe.

Auf die Frage, ob er denkt, am kommenden Mittwoch bei der Wahl als Bürgermeister bestätigt zu werden, sagte Arthur dem Mini-Journal, "vielleicht nicht als Bürgermeister [wieder gewählt zu werden], aber ich denke, ich schaffe es noch einmal in den Gemeinderat".

De Schäfferot empfängt seng Bierger*innen

E Podcast vum Charlie, Léonie, Anne a Leïla

Haut um veirel fir 4 fënnt zu Mini-Lënster eng Biergerversammlung statt, ma wat erwaarde sech d'Awunner*inne vun der Gemeng vun hirem Buergermeeschter, dem Arthur Golkowski, a vun senge Cheff*innen?

Eis Reporterinne waren am Zentrum vu Mini-Lënster ënnerwee an hunn d'Bierger*inne gefrot.

D'Bierger*inne vu Mini-Lënster kommen zu Wuert

00:00
00:00

Um 15h45 geet et d'Biergerversammlung virun der Gemeng lass.

Schéint Mini-Lënster

Eine Fotoreihe von Nuala Scherrer

Dossier: Mini-Lënster und seine Berufe

Polizist*in, Feuerwehrmann*frau oder Journalist*in – die Stadt Mini-Lënster birgt viele Berufe…

Interview: Die Feuerwache in Mini-Lënster

Ein Audio-Interview von Ella a vum Lyana

00:00
00:00

Interview: Die Polizei in Mini-Lënster

Ein Audio-Interview von Teddy, Ella, Kaylee und Lyana

00:00
00:00

Umfrage über die Arbeit des Bürgermeisters

Ein Artikel von Max

Wir haben eine Umfrage in Mini-Lënster gemacht über die Arbeit von Bürgermeister Arthur. Wenige Tage vor der nächsten Bürgermeisterwahl wollten wir herausfinden, wie die Chancen auf eine Wiederwahl stehen. Dies vor dem Hintergrund von Gerüchten, der amtierende Bürgermeister habe Menschen bestochen, um ihn zu wählen. Vor Gericht wurde Bürgermeister Arthur hingegen freigesprochen.

Die Umfrage hat gezeigt: Die meisten Befragten bewerten die Arbeit des Bürgermeisters positiv. Vor allem freuen sie sich darüber, dass sie jetzt mehr verdienen. Eine Person sagte dem Journal: "Ech fannen [d'Aarbecht vum Buergermeeschter] gutt, well mir kréie méi Suen."

Auf die Frage, was besser laufen könnte, wussten viele nicht zu antworten. Eine befragte Person sagte, die Arbeitsplätze könnten früher öffnen und es könnte mehr Arbeitsplätze geben.

Passfotos zum Wucherpreis? 

Von Anne & Teddy

Eine anonyme Person hat dem Journal gesagt, dass ihr Passfoto nicht da war, nachdem sie schon drei Linsto dafür bezahlt hatte. Darum musste sie 10 Linsto bezahlen, um neue Fotos zu machen – obwohl sie die Fotos schon gemacht hatte und bezahlt hatte.

Das Journal hat beim Fotostand im Infopoint nachgefragt, wie das passieren ist. Sie haben uns gesagt, dass, wenn Kinder zu spät kommen, die Fotos weggeschmissen werden. Gestern hatten sie 200 Fotos zu viel, weil Kinder sie nicht abgeholt haben. Darum sollen Kinder ihre Passfotos immer so schnell wie möglich abholen kommen.

Die Fotos sind heute teurer geworden, weil die Unternehmen 20 Prozent Steuern zahlen müssen, sagt die Person, die im Infostand arbeitet. Aber Kinder, die keine Chance hatte, die Fotos für den alten Preis zu bekommen, weil sie nicht da waren, sollen ihnen das sagen, dann kriegen sie die Fotos für den alten Preis.

Jedes Kind braucht für seinen Pass ein Passfoto. Wir haben  mehreren Kindern gefragt und viele finden, dass die Preise zu hoch geworden sind.

BREAKING: Korruptions-Prozess gegen Bürgermeister Arthur endet in Freispruch

von Anne & Teddy

Am Freitag gab es einen Prozess gegen Bürgermeister Arthur. Ihm wird vorgeworfen, einen Wähler bestochen zu haben. Das sagt Gemeinderatsmitglied Luis. Er behauptet, dass der Zeuge Noah ihm gesagt hat, dass der Bürgermeister ihn mit zehn Linsto bestochen hat, damit er für ihn stimmt.

Vor Gericht haben die Richter mit Noah gesprochen, der sagt, dass das nicht mit stimmt, und dass er nie mit Luis gesprochen habe. Da Gemeinderatsmitglied Noah selbst krank war, war Luis heute der einzige Zeuge. Weil der einzige Zeuge damit sagt, dass die Anklage nicht stimmt, hat der Richter den Bürgermeister freigesprochen. Gegen Gemeinderat Noah wurde wegen Lügen eine Warnung ausgesprochen. Unser Podcast mit Kommentar vom Bürgermeister selbst zum Thema folgt gleich. Bürgermeister Arthur freut sich über den Freispruch.

Mënsche bei der Aarbecht

Eng Fotoreportage vum Vittoria, Antônia a Lio 

D'News um Mëttwoch, 23. Juli 2025

Offiziell: Den Arthur ass neie Buergermeeschter

Een Interview vum Raphael

Eis Statistike goufen de Mëtteg, kuerz no 15 Auer, bestätegt: Den Arthur Golkowski ass den neie Buergermeeschter vun der Kannerspillstad Mini-Lënster. Eise Reporter, dem Raphael, war op der Plaz, wéi d'Unhänger*innen de Gewielten ugefeiert hunn.

Mini-Lënster Buergermeeschter Artur Golkowski: "Ech sinn dankbar [fir all meng Wieler] a kucken elo, fir all meng Ziler ëmzesetzen."

00:00
00:00

Op zweeter Plaz befënnt sech d'Annabelle Fisch, wat zesumme mam Denize Tudes a mam Pit Breser de Gemengerot completéiert. Fir de Paul Hornick, de Lio Nussbaum an d'Amy Sparla ass et leider net duergaangen.

Ob déi 4 d'Hoffnunge vun der Stad gerecht ginn, gesi mir glaich. Den Arthur, d'Annabelle, d'Denize an de Pit hunn eng Woch fir ze beweisen, dass si hir Verspriechen hale kënnen. An enger Woch gëtt nämlech nach eng Kéier gewielt.

Dës Kéier awer fir méi gréisser Walen.

D'Stad Mini-Lënster

Eng Foto-Serie vum Raphael

Mini-Lënster Gemengewalen: De Statistiken no, ass den Arthur Golkowski Favoritt fir Buergermeeschter ze ginn

Artikel vum Raphael

D'Bierger*inne vu Mini-Lënster hu gewielt. Säit 14h15 sinn d'Walkabinen zou. Haut um 15 Auer ass et da sou wäit. Mir gi gewuer, ween den*dat nei*t Buergermeeschter*in vu Mini-Lënster gëtt.

Mir waren ënnerwee an der Kannerspillstad an hunn d'Bierger*inne gefrot, fir ween si gewielt hunn. Engem Panel vun 20 Leit no, ass den Arthur Golkowski wäit vir, fir Buergermeeschter ze ginn.

De Gemengerot wäert aus 4 Gewielte bestoen. Eise Statistiken no, soll deen esou ausgesinn:

  • Arthur Golkowski: 29 %
  • Denize Tudes: 20 %
  • Pit Breser: 16 %
  • Annabelle Fisch: 14%

D'Annabelle Fisch, wat eiser Ëmfro no op véierter Plaz wier, hätt sech "méi erwaart". Iwwert den aktuelle Favoritt, seet et, hie géing ze vill Saache verspriechen, "déi en net hale kann." De Paul Hornick, eise Statistiken no op fënnefter Plaz mat 10% vun de Stëmmen, seet sech onzefridden.

"Den Arthur versprécht ze vill Saachen, déi en net hale kann."

Annabelle Fisch, Kandidatin fir d'Gemengewalen

Den Arthur Golkowski dogéint, huet sech ganz zefridde gewisen. Him no, hu seng Konkurrente stänneg probéiert, hien ze diskreditéieren. Als neie Buergermeeschter gewielt ze ginn, wier fir hien an dësen Ëmstänn also eng grouss Victoire, wéi hien dat am Journal-Interview verroden huet.

 

Den Artur Golkowski reagéiert op eisem Sondage

00:00
00:00

Nach ass de finale Resultat awer net bekannt.

Um 15 Auer fält hei d'Entscheedung.

An du, wat ass dann däin Job?

E Podcast vum Betty an vum Yara

00:00
00:00

Haut si Walen

vum Marie a vum Julie

Haut sinn zu Mini-Lënster Gemengewalen. Wee gëtt den*déi nächst*en Buergermeeschter*in vun der Kannerspillstad? Eng Fotoreportage.

"Um 12 Auer fannen d'Wale statt", esou e Communiqué vun der Gemeng. "Direkt am Ufank sinn d'Riede vun de Kandidaten." Duerno gëtt gewielt. "Bis 14 Auer kann all Bierger wiele goen. Maacht ee Betriibsausfluch a gitt zesumme wielen."

D'News um Méinden, 21. Juli 2025

An der Kannerspillstaat huet jidderee Spaass

vum Vic a vum Antônio

Den 21. Juli geet et erëm lass: D'Kannerspillstaat Mini-Lënster zu Jonglënster ass op. Mir hunn d'Leit gefrot, wat si schaffen an ob et hinne gefält.

Di meescht Leit zu Mini-Lënster hu schonn en Job fonnt a sinn zefridden domat. Den Tim war Riichter an hien huet Mini-Lënster mega gären. De Vic schafft als Drecksmännchen a seet: "Et mëscht mega Spaass!" De Luan war och Riichter an ass begeeschtert vun dem Job. De Pol ass komm, well e mat senger Maison Relais hei ass. Dat hunn e puer Kanner eis am Interview gesot. Di meescht fanne Mini-Lënster mega cool.

Ëmweltschutz zu Mini-Lënster

E Podcast vum Lara mat Fotoe vum Amy

 

Ëmweltschutz zu Mini-Lënster

00:00
00:00

Hohe Arbeitslosigkeitsraten in Minilënster

Ein Artikel von Emma, Charlotte und Lara mit Fotos von Amy

In Minilënster haben wir festgestellt, dass die Arbeitslosigkeit sehr hoch ist. Viele Kinder haben zwar einen Traumberuf – doch leider gibt es für sie oft keine freien Stellen. Wir haben uns umgehört und mit einigen Bewohnerinnen und Bewohnern gesprochen.

Jean-Lou, was ist dein Traumberuf?
Mein Traumberuf ist Architekt.
Gibt es noch eine Stelle für dich?
Nein, leider nicht.

Anne, was ist dein Traumberuf?
Ich möchte gerne Feuerwehrfrau werden.
Gibt es da noch Platz?
Nein, da ist schon alles besetzt.

Nil, was ist dein Traumberuf?
Ich würde gerne bei der Bank arbeiten.
Ist dort noch eine Stelle frei?
Leider nicht.
Hast du noch einen anderen Traumberuf?
Ja, bei der Mülltrennung zu arbeiten.

Hallo, was ist dein Traumberuf?
Ich möchte gerne bei der Polizeiwache arbeiten.
Ist dort noch ein Platz frei?
Noch nicht.

Ajna, was ist dein Traumberuf?
Ich möchte gerne bei der Polizeiwache arbeiten.
Ist dort noch eine Stelle frei?
Nein, leider nicht.
Hast du noch einen anderen Traumberuf?
Ja, in der Klinik zu arbeiten.

Ayhan, was ist dein Traumberuf?
Ich will bei der Polizeiwache arbeiten.
Ist da vielleicht noch eine Stelle frei?
Ich denke nicht.
Hast du noch einen anderen Traumberuf?
Ja, Muscheln verkaufen.

Beti, was ist dein Traumberuf?
Ich möchte im Beautysalon arbeiten, aber dort ist leider kein Platz frei.
Und ein anderer Beruf?
Ich wollte zum Mini-Blimi – vielleicht ist dort noch etwas frei.

Diego, was ist dein Traumberuf?
Ein Dieb zu sein, um die Mini-Bank auszurauben!

Tyra's Podcast on Music

A podcast by Tyra

Tyra's Podcast on Music

00:00
00:00

Hayder Rayan's Football Podcast

A podcast by Hayder Rayan with a photo from Amy

Hayder Rayan's Football Podcast

00:00
00:00

Leben als Bankangestellter

Ein Artikel von Juliana, Louise, Rama mit Foto von Sébastien

Was macht man in der Bank?

Die Guichetbeamten arbeiten als Security, Flizi und als Direktor.

Was gefällt ihnen am meisten bei der Bank?

Die guten Mitarbeiter.

Was wollen die Kunden?

Geld oder ein Konto eröffnen.

Wieviel Geld habt ihr in der Bank?

Keine Ahnung.

Hattest du vorher einen anderen Job?

Ja.

Welcher Job gefällt dir am besten?

Job oder Flop oder Bank.