(On)bekannt - Marc Welter

Von Jill LallemangLynn Warken

De Podcast, an deem d'Jill Lallemang all Kéier mat enger anerer Persoun potere soll – ouni Informatiounen, ouni Preparatioun. No an no kréie béid Gespréichspartner*inne Béierdeckele bruecht, déi d'Gespréich an eng aner Richtung bréngen. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

(On)bekannt - Ep. 8

De Marc Welter aka Smacks, an den 80er Jore Matgrënner vum berüümt berüchtegte „Party Team“, Sänger vun Joint Bunch a Proprietär vum Audiophile, erzielt dem Jill Anekdoten aus dem Buttek a mir gi gewuer, op wat et bei gudde Kopfhörer ukënnt. Zum Schluss schwätze si iwwert de Potenzial vun der Lëtzebuerger Musekszeen a mir kréien exklusiv „Ablécker“ an den nach net verëffentlechen Album.