(On)bekannt - Luc Spada
Von Jill Lallemang, Maxime Toussaint, Ilana Joseph, Sherley De Deurwaerder, Lex Kleren
Am (On)bekannt-Podcast trëfft d'Jill Lallemang an all Episod op Gäscht, ouni ze wëssen, wien dat ass. An dës Kéier ass dat de Luc Spada, deen an alle méigleche Beräicher mat Wierder jongléiert, ganz egal op an der Moderatioun, a senger Musek, oder a sengem Schreiwes.
Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.
(On)bekannt – Ep. 28
Des Episod trefft d'Jill Lallemang op de Luc Spada, deen net nëmme Schrëftsteller an de Fiasko Fest-Moderator op Radio 100,7 ass, mee souguer bal well e Member vun de Beatsteaks ass – ëmmerhi ginn seng Lidder jo vun hirem sechste Perkussionist gemastered.
Insgesamt ass de Luc Spada net bekannt dofir, näischt ze maachen oder iwwerhaapt ze raschten – mee dofir awer bal ëmmer bëssi sou ze maachen, wéi et him grad an de Krom passt a wat sech fir hien authentesch ufillt. Mënschlech, frech a mat vill Selbstironie ënnerhalen déi zwee sech iwwert déi méi schwéier ze romantiséierent Facettë vum Schreiwen, doriwwer, wéi ee moderéiert, wann een emotional vun eppes getraff ass, Männer (fuerchtbar nerveger a manner nerveger), a wéi wäit berüümt ze si gutt oder schlecht wier.
Op de Luc Spada elo 15, 40 oder souguer 80 Joer laang zu Berlin war, ier hie fir d'Léift de Wee zréck op Lëtzebuerg fonnt huet, gëtt zwar net gekläert. Mee eens si hien an d'Jill sech, dass et e risege Spaass ass, ganz undercover Friemen an der Ëffentlechkeet beim Schwätzen nozelauschteren – an dëst och alt als Inspiratiounsmaterial ze benotzen.
(On)bekannt ass de Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.