(On)bekannt - Lou Philipps
Von Jill Lallemang, Maxime Toussaint, Lex Kleren Artikel nur auf Englisch verfügbar
Am (On)bekannt-Podcast trëfft d'Jill Lallemang an all Episod op Gäscht, ouni ze wëssen, wien dat ass. Dës Kéier ass dat d'Lou Philipps, d'Directrice vun der Vallerius Gallery.
Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.
(On)bekannt - Ep. 26
Skulpturen, Fotografie oder Kleeder: Dem Lou Philipps säin Häerz schléit fir d’Konscht. Fir hatt war et also selbstverständlech, säin Job draus ze maachen.
No senge Studien zu Wien a London, wou et am léifste bliwwe wier, ass et zeréck op Lëtzebuerg komm, wou hatt haut als Directrice vun der Valerius Gallery schafft. Bei engem Matcha am Knopes erzielt hatt dem Jill, dass säin Appartement voller Biller steet, obwuel et näischt ophänken dierf, dass et wichteg ass, Konscht ze kafen, fir jonk Kënschtler*innen ze ënnerstëtzen, an dass et an all Galerie eng Offer fir all Budget gëtt.
Si schwätzen och vu Fashion a vu Reesen. Dat mam Fliger, mam Zuch… oder souguer mat engem Van voller Konschtstécker a Richtung Ibiza.
(On)bekannt ass de Podcast, an deem d'Jill Lallemang ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.
