Mäin Element - Hugo Parlier

Sponsored content

E Podcast vum Lëtzebuerger Journal an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hir Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

Mäin Element - Hugo Parlier

Wéi hätt Dir reagéiert, wann een Iech an der Schoul gesot hätt: Mathé mécht Spaass?

Vill vun Iech warscheinlech mat groussen Aen an engem Kapprëselen. Eisen Invité Hugo Parlier huet sech zur Aufgab gemaach, aus komplexer Mathematik spilleresch Aufgaben ze maachen. Egal ob als analoge Puzzle oder als App. Dat huet esou gutt geklappt, dass dës Spiller hien esouguer bis op Dubai op d'Weltausstellung bruecht hunn. Am Gespréich mam Max erzielt hie vu sengen Erfarungen zu Dubai, sengem Virbild, Maryam Mirzakhani, a kläert fir sech, wien de beschten Tennisspiller vun allen Zäiten ass.