Evergreens - Musse sech Banken online nei erfannen?

Sponsored content

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Evergreens #2

Musse sech Banken online nei erfannen?

D’Digitalisatioun ass e grousst Thema, mee et geet hei ëm méi wéi 1ten an 0en. Dat traditionellt Bankwiesen muss sech engem Public upassen, deen Interaktivitéit gewinnt ass a bürokrateschen Opwand scheit, ouni awer déi Clienten ze vergiessen, déi sech méi schwéier mam Changement dinn.⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Christophe Medinger vun der Spuerkeess schafft am Service Digitalisatioun an huet Dag fir Dag mat Projeten an dësem Beräich ze dinn. De Raoul Neu ass Solution Architect bei der Fintech Luxhub, déi di digital Transformatioun am Finanzsecteur als Open Banking Plattform soll facilitéieren. De Raoul Mulheims ass de CEO vu Finologee, engem Finanzdéngschtleeschter fir Banken an aner Acteuren. Hien ass schonn iwwer 20 Joer laang an digitale Projeten implizéiert, dorënner och Digicash.⁣

*op Lëtzebuergesch