Den Jobcast #6 - Kevin Risch

Sponsored content

Vun der Aschreiwung bei der ADEM bis an den aktuelle Job. De Kevin Risch huet, no deem hien entlooss ginn ass, mat Hëllef vun der ADEM een Job fonnt. Dat bei der ADEM selwer - a säin deemolege Conseiller ass haut säi Chef. Hien deelt seng inspiréierend Geschicht.

#6 Kevin Risch

De Kevin Risch huet 28 Joer, ass aus Lëtzebuerg a mécht Musek. Déi eng oder aner kennen e bestëmmt och ënnert dem Numm Brebo. De Lycée huet hien, wou e méi jonk war, virun der Première ofgebrach. Hien ass an e Fitnesszenter schaffe gaang… bis en do entlooss ginn ass. Vu senger Musek ze liewen – säin endgültegt Zil – war awer (nach) net méiglech. An esou huet hien sech bei d'ADEM ageschriwwen.

E puer Joer méi spéit ass de Kevin nach ëmmer bei der ADEM… Elo schafft en awer hei, am Guichet REVIS (kuerz fir Revenu d'inclusion sociale). A wéi d'Schicksal et wollt, ass säin deemolege Conseiller, de Gilles Eckes, haut säi Chef. Zesummen erzielen si dem Kevin seng Geschicht – vum éischte Rendezvous, wou hien ze spéit komm ass, bis hin zu hirer haiteger Aarbechtsbezéiung.