(On)bekannt - David Goldrake

Par Jill LallemangLex KlerenIlana JosephMaxime ToussaintSherley De Deurwaerder

Am (On)bekannt-Podcast trëfft d'Jill Lallemang an all Episod op Gäscht, ouni ze wëssen, wien dat ass. An dës Kéier ass dat den David Goldrake, Lëtzebuerger Illusionist zu Las Vegas.

Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.

(On)bekannt – Ep. 29

Endlech, no Jore vun der Anticipatioun, ass et sou wäit : D'Jill Lallemang kënnt mam David Goldrake an d'Gespréich.

Seng éischt Zauberschow hat hien als Schüler am Lycée Robert Schuman um Chrëschtmaart. Säi Kolleeg huet deemools säin Talent erkannt an hien an d'Direktioun geschleeft. Eng ganz Aula huet hie gefëllt – an dat war den Ufank vun enger Karriär, déi hie bis op Las Vegas brénge sollt. Haut mécht hien tëscht véier bis aacht Showe fir am Schnëtt 11.000 Leit pro Sall an der Woch a schléift, wann et héich kennt, dräi bis fënnef Stonnen den Dag – awer dat ganz gären.

Firwat Le Petit Prince ee Buch ass, mat deem hien sech identifizéiere kann, op a wéini een als Illusionist och alt mol Angscht virun Tricks kann hunn, wéi et amf Fong ass, a "Sin City" ze liewen an Ablécker hannert d'Kulissen : All dat, an nach vill méi, deelt den David Goldrake mam Jill.

(On)bekannt ass de Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.