Mäin Element - Phillip Dale

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

E Podcast vum Lëtzebuerger Journal an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hir Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.

Mäin Element - Phillip Dale

Ass et méiglech, dass Lëtzebuerg 100% klimaneutral gëtt? Déi Fro huet de Phillip Dale scho ville Leit gestallt. De Phillip ass nämlech net nëmme Fuerscher am Beräich Photovoltaik, Lithographie an Elektrochimie, mee och Speaker an Host bei Tedx Luxembourg. Aktuell fuerscht hien u Photovoltaik-Anlagen, déi d'Gebaier an de Stied méi flott an zousätzlech méi nohalteg sollte maachen.

Wéi hien dat ëmsetzt a wat Konscht domat ze dinn huet, erkläert de Phillip an dësem Episod. Donieft erzielt de gebiertegen Englänner, wéi hien de Brexit als Expat zu Lëtzebuerg erlieft huet, wéi eng lëtzebuergesch Gewunnechten hie wëll evitéieren a firwat hien ee YouTube-Channel bedreift.