Mäin Element - Benoît Majerus
Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand
Wann ee mam Benoît Majerus schwätzt, ginn engem d'Theemen net aus. Virun allem dann, wann et ëm déi faméis Bréifboite-Firmen zu Lëtzebuerg geet. Ma wat stécht hannert den onzielegen eidelen Adressen? All dat a méi erzielt de Fuerscher an dëser Episod vu Mäin Element - e Podcast an Zesummenaarbecht mam Luxembourg National Research Fund (FNR), deen de Mënsch hannert der Fuerschung weist.
Mäin Element – Benoît Majerus
Wann ee mam Benoît Majerus schwätzt, ginn engem d'Gespréichstheemen net aus. Virun allem dann, wann ee mat him iwwert déi faméis Bréifboite-Firmen zu Lëtzebuerg schwätzt.
De Fuerscher erzielt eis iwwert säi Letterbox-Projet, bei deem hien iwwert d'Geschicht vun de Bréifboite-Firme fuerscht an iwwert den historesche Kontext, deen een aus den Tintin-Comics erausliese kann. Zousätzlech erzielt de Benoît wéi et ass, wann een als Kand vun engem Sexolog opwiisst.