Mäin Element - Anne-Catherine Guio
Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemandE Podcast vum Lëtzebuerger Journal an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hir Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.
Mäin Element - Anne-Catherine Guio
An dësem Episod léiert de Max d'Anne-Catherine Guio vum LISER kennen. D'Anne-Catherine ass eng Koryphee op sengem Gebitt – Kanneraarmut an Europa – an erkläert, wéi et déi offiziell Statistik dozou revolutionéiert huet.
Ausserdeem erzielt d'Fuerscherin, firwat et ni nervös ass, ier et an der Ëffentlechkeet viru Public oder an de Medie schwätzt. Donieft gi mir gewuer, wéi kreativ seng Aarbecht ass, an där et mat Daten an Zuele jongléiert.