Evergreens - Firwat ass Private Equity wichteg?

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Evergreens #4

Firwat ass Private Equity wichteg?

Jidderee schwätzt vu Private Equity, mee déi mannst wëssen, wat dat ass. Dobäi geet et ëm en essentiellen Deel vun der Finanzwelt, a besonnesch fir kleng a mëttel Entreprisen ass PE wichteg, fir dat laangfristegt Iwwerliewen ze sécheren. Et geet ëm Know How, Nohaltegkeet an d'Aarbechtsplaze vu muer.⁣

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Stéphane Pesch representéiert als CEO vun der Luxembourg Private Equity & Venture Capital Association déi ganz Communautéit an Industrie. De Yannick Oswald ass Partner bei der Venture Capital Firma Mangrove Capital Partners zu Lëtzebuerg, déi jonk Tech-Entreprise sicht an ënnerstëtzt. Den Yves Bodson ass Team-Manager vun der Aktivitéit Global Credit Investments & Financial Markets vun der Spuerkeess.⁣

*op Lëtzebuergesch

00:00
00:00
En collaboration avec 
Pour ne rien manquer, inscrivez-vous à la newsletter.

Pour finaliser l'inscription, clique sur le lien indiqué dans l'e-mail que nous venons de t'envoyer. Vérifie également ton dossier de courrier indésirable ou spam, en cas de doute. La mise à jour de ton profil Journal peut prendre quelques minutes.

Une erreur est survenue lors de ton inscription à la newsletter. Tu peux nous contacter à abo@journal.lu.

Suivant

Un avenir économique sans la Russie