Et Geet Dach! #4 - Egalitéit a Sport

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

Egalitéit zu Lëtzebuerg - wéi ass et haut, wéi war et gëschter, a wat erhoffe mir eis fir muer? Fräi a riicht eraus, d'Morena Luisi schwätzt an dësem Podcast iwwert d'Evolutioun vun der Chancëgläichheet an diverse Felder. Eng Zesummenaarbecht mam MEGA, dem Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité.

Et Geet Dach ! #4

Egalitéit a Sport

Bezuelung, Visibilitéit, Sponsoring… Och wann de Fraesport sech rezent gutt entwéckelt huet, bleift en oft an engem Däiwelskrees gefaangen, wou e géintiwwer sengem männlechen Equivalent déi zweet Gei spillt.

Genee doriwwer schwätzt d'Morena Luisi an dëser Episod mat senge véier Gäscht. Den Eric Glod ass Ex-Dëschtennis-Nationalspiller. D'Lisy Hetting ass Basketballspillerin fir de BBC Gréngewald a fir d'Nationalekipp. Den Dan Santos ass Dammefussball-Nationaltrainer bei der FLF. D'Norma Zambon ass Ex-Beachvolleyballspillerin a Presidentin vun der Lëtzebuerger Volleyballsfederatioun.