Et Geet Dach! #2 - Egalitéit a Kultur

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

Egalitéit zu Lëtzebuerg - wéi ass et haut, wéi war et gëschter, a wat erhoffe mir eis fir muer? Fräi a riicht eraus, d'Morena Luisi schwätzt an dësem Podcast iwwert d'Evolutioun vun der Chancegläichheet an diverse Felder. Eng Zesummenaarbecht mam MEGA, dem Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité.

Et Geet Dach ! #2

Egalitéit a Kultur

Ass dir schonn opgefall, dass et an der Lëtzebuerger Rap-Zeen quasi keng Frae gëtt? Wisou ass dat esou? Fënnt een dee Phänomen och am Theater erëm? A wéi ee Wee kënne mer als Gesellschaft goen, fir dat Ganzt z'equilibréieren?

An dësem Episod schwätzt d'Morena Luisi mat senge véier Gäscht iwwert d'Egalitéit am Beräich vun der Kultur. D'Carole Lorang ass d'Directrice vum Escher Theater. De Maz Univerze ass Rapper a Songwriter. D'Nicool mécht Hip-Hop op Lëtzebuergesch, fir déi méi kleng och ënnert dem Numm Nikki Ninja. Den Tom Hecker, méi bekannt ënner Tatta Tom, ass Travesti-Kënschtler.