Craft your balance - Zefridde Mataarbechter

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

D'Handwierk entwéckelt sech permanent weider an dozou gehéieren och Sujete wéi d'Sécherheet an d'Wuelbefannen op der Aarbecht. Schliisslech wëllen och Daachdecker*inne séchere Buedem ënnert de Féiss, an d'Elektriker*inne sollten och mol ofschalte kënnen. Wëllkomm bei Craft Your Balance, de Podcast vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Craft your balance #3

D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vun hirer Campagne "Make. Shape. Create. A Better Place to Work" eng Approche a 5 Sailen ausgeduecht, fir d'Facteuren, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. An dësem Episod fokusséiere mer eis op de Pilier WELL, dee fir Wuelbefannen, Gesondheet an e gutt Klima op der Aarbecht steet.

De Ben Jungers ass Gerant vum Familljebetrib de Buedemleër. De Marco Schmitz ass Co-Grënner a Gerant vu Wandwerk an Taff. Déi zwee Betriber hunn eis erzielt, wat fir Moossnamen si ergraff hunn, fir d'Wuelbefanne vun hire Mataarbechter ze fërderen, wéi si de Succès vun hirer Philosophie moossen, ma och wat déi zwee um Begrëff "Work-Life-Balance" stéiert.