Wat leeft? - Kannermëssbrauch

By Jana Degrott Article only available in German

An dësem Podcast gräift d'Jana Degrott reegelméisseg Themen op, déi d'Gesellschaft beschäftegen. Dës Kéier mat der Wëssenschaftlerin a Schrëftstellerin Mary Faltz, der Psychologin Barbara Gorges-Wagner an der Projektmanagerin Noémie Losch.

Dësen Artikel gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo däin Abo!

Wat leeft? ass eng Plattform fir déi, déi systematesch ausgegrenzt, victimiséiert an/oder ignoréiert ginn. Mat Invitéen, déi festgefuere Gedankemustere wëllen opbriechen an de Status Quo challengen. Marginaliséiert Themen aus der Gesellschaft ginn oppen ugeschwat, an de Leitmotiv vun der Serie ass de Wonsch, d'Welt e Stéck méi gerecht ze maachen.

Opgepasst: D'Gespréich an dësem Episod ass zum Deel ongefiltert an dréint ronderëm d'Thema Mëssbrauch. Hëllef an Ënnerstëtzung gëtt et um Kanner-Jugendtelefon (Tel: 116111). Bei Suizidgedanke solls du direkt op den 112 uruffen.

Wat leeft? - Ep. 9

Kannermëssbrauch

Wann een dem Mary Faltz säi schouleschen an akademesche Parcours kuckt, da gesäit een ouni Zweiwel eng fläisseg Schülerin a Studentin. Alles deit op eng apaiséiert Kandheet hin. Mee bei him war näischt esou, wéi et geschéngt huet. 16 Joer laang gouf d’Mary vum eegene Papp mëssbraucht. No jorelaanger Angscht a schrecklecher Péng gouf et him zevill an et huet decidéiert, den „Abuseur“ (sou nennt d'Mary en haut) bei den Autoritéiten ze denunzéieren, sou dass en haut am Prisong ass. D’Mary krut d'Diagnos Kriibs an erkläert ons, wéi de Kriibs eng Zort Befreiung war, fir Tabuen oppen unzeschwätzen, a wéi déi eegen Erfarung d'Erzéiung vu senge Kanner beaflosst huet.

De Mëssbrauch kritt duerch d'Digitalisatioun ganz allgemeng eng nei Dimensioun. D’Täter verbreeden de Contenu um Internet. D'Statistike weisen, dass den Trend och bei ons an der Groussregioun an d’Luucht geet. D'Barbara Gorges-Wagner, Chargée de direction vum Kanner-Jugendtelefon (KJT), an d'Noémie Losch vum ECPAT klären ons op driwwer, wéi schwéier et ass, dës Contenuen aus dem Internet erof ze kréien a soen ons och, wou een sech Hëllef ka siche falls ee selwer sollt betraff sinn.

*op Lëtzebuergesch