flux #6 - Ménage à trois

By Lëtzebuerger Journal Switch to German for original article

flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, fir d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. An der sechster Episod geet et em d'Stolkrisen- an Tripartittenzäit aus de 70er an 80er.

Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?

Héchstwarscheinlech: Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.

Ma wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am neie Podcast flux op d'Spuer gaang.

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

#6 Ménage à trois

Et ass d'Joer 1975. Vun elo un a fir op mannst déi nächst zéng Joren heescht de Problem Nummer 1 zu Lëtzebuerg: "Stolkris".

De Lëtzebuerger Tripartite-Modell faasst ënnert der DP-LSAP-Koalitioun Fouss. Regierung, Gewerkschaften, a Patronat mussen zesummen no Léisunge sichen – a léieren, sech géigesäiteg ze verstoen a Kompromësser anzegoen.

Um Spill steet nämlech d'Existenz vun der Stolindustrie, déi Dausende vu Mënsche beschäftegt.

D'Colette Flesch war déi Zäit Vize-, Aussen-, Wirtschafts- a Justizministesch. Si an de Kik Schneider, fréiere Member vum Staatsrot a Conséilspresident vum Lëtzebuerger Journal, ziele vum Gaston Thorn, deemolege Premier, a schwätzen doriwwer, wéi d'Colette Flesch d'Tripartitten an d'staatlecht Agräifen an den Arbed-Betrib erlieft huet – a firwat si an den 80er d'Stolindustrie als "industrie crépusculaire" bezeechent huet.

Eng Ausso, un déi de Michel Wurth, haut Conseilspresident vun ArcelorMittal Lëtzebuerg an deemools Finanzanalyst vun der Ekipp vum Emmanuel Tesch, déi Zäit Präsident vun der Arbed, sech gutt erënnere kann.

De Jean-Claude Juncker, fréiere Premier, war President vun der Chrëschtlech-sozialer Jugend a spéider Staatssekretär fir Aarbecht a Sécurité sociale. Hien zielt vun de Follgen, déi d'Division Anti-Crise fir Aarbechter*innen hat.

De wichtegste Gewerkschaftler deemools, dat war de John Castegnaro.

Säi Bouf, de Guy Castegnaro, an de Robert Schneider, fréiere Journalist, hunn zesummen d'Buch De Casteg iwwert hie geschriwwen. Si ginn op d'Grënnung vum OGBL an.

U flux hu matgewierkt:

  • Interviews: Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
  • Konzept: Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
  • Produktioun: Maxime Toussaint
  • Animatioun: Sherley De Deurwaerder
  • Fotoen: Lex Kleren, Misch Pautsch
Sign up for our newsletter and don't miss a thing.

To complete the subscription process, please click the link in the email we just sent you. Check your spam or junk folder too, in case of doubt. It may take us a few minutes to update your Journal profile, so please be patient.

An error occurred while subscribing to our newsletter. Please contact us at abo@journal.lu.

Next

Taxes by postcode: Why companies are not taxed the same everywhere