POST x IMPAKT - De Colis vu muer

Sponsored content Article only available in German

An enger globaliséierter Welt verantwortungsvoll op sozialem, wirtschaftlechem an ökologeschem Niveau ze agéiere sollt net nëmmen eleng d’Aufgab vu Bierger a Biergerinne sinn, mee och vun Entreprisen. Aus deem Grond entwéckelen ëmmer méi Betriber hir eegen RSE-Strategie. E Podcast iwwert d'Kreeslafwirtschaft, déi finanziell an digital Inclusioun. 

POST x IMPAKT #6

D'Globaliséierung an de Fakt, dass mir e Produit, dee sech entweder hei oder an engem ganz anere Land befënnt, kuerzfristeg an der Hand wëllen hunn, bréngt nei Erausfuerderunge mat sech, fir déi konstant innovativ an nohalteg Léisunge musse gesicht ginn. Den Direkter vu POST Courrier a Logistics Mario Treinen gëtt eis een Abléck, wéi sech dësen Domaine an de leschte Joren entwéckelt huet a wéi si verstäerkt nach méi lokal wëllen agéiere mam Zil, den ökologesche Foussofdrock ze verkléngen. An dësem Weiderentwécklungsprozess huet POST Student*innen aus dem Arts et Métiers matagebonnen.

Den Talenthub vum Lycée des Arts et Métiers huet am Kader vun hirer Power Week zesumme mat POST een Hackathon organiséiert, bei deem Student*inne vun de BTS’en Léisungen entwéckelt a virun der Direktioun vu POST gepitcht hunn. Encadréiert goufen d’Student*inne vum Patrick Reisdorff, Member vum Post Innovation Support Team. Säitens dem Arts et Métiers betounen den David Reinartz, stellvertriedenden Direkter an de Benoit Fortemps, Coordinateur vum Talenthub, wéi wichteg esou Kollaboratioune fir d'Schoul sinn.