Evergreens - Gouvernance an der Praxis

Sponsored content Article only available in German

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. Dëst ass den zweete vun dräi hors-série Episoden.

Evergreens hors-série #2

Eng Organisatioun, eng Entreprise an och de Staat brauche Reegelen, déi festleeën, op wéi eng Manéier a firwat Decisioune getraff ginn. Mat der sougenannter Gouvernance soll de Kader dofir gesat ginn. Firwat ass si besonnesch hautdesdaags esou wichteg, a wéi eng Zorte gëtt et? Funktionéiert dëst an all Secteur anescht, a wou leien d'Geforen, wann d'Gouvernance net konsequent duerchgefouert gëtt?  

De Bryan Ferrari pléckt de Sujet mat sengen dräi Invitéen auserneen. D'Stéphanie Damgé ass Directrice vum Beräich Entrepreneurship bei der Chambre de Commerce an Directrice vun der House of Entrepreneurship. Den Tom Wirion ass Generaldirekter vun der Chambre des Métiers. De Marco Rasqué Da Silva ass Generalsekretär vun der Spuerkeess.

*op Lëtzebuergesch