Am (On)bekannt-Podcast trëfft d'Jill Lallemang an all Episod op Gäscht, ouni ze wëssen, wien dat ass. An dës Kéier ass et net just eng Persoun, mee eng ganz Institutioun: D'Ekipp vum Centre de ressources digiloom gëtt Abléck an hir Aarbecht a weist, wat een do alles entdecken, ausprobéieren an ausléine kann.
(On)bekannt - Ep. 29
Fir dës Episod ënnerbrécht d'Jill eng Pingpong-Party – an trëfft dobäi net just op eng Persoun, mee op e ganze Grupp, deen sech hannert enger Wollek verstoppt.
Hannert dësem mysteriéise Symbol stécht nämlech digiloom: E frësch gegrënnte Centre de ressources, deen sech mat digitaler Bildung a Mediekompetenz beschäftegt, an dobäi virun allem déi ënnerstëtzt, déi mat Kanner a Jugendlecher schaffen.
Tëscht virkonfiguréierten Digiboxen, Gaming am pädagogesche Kontext an der Fro, wéi een eigentlech "richteg" mat Medien ëmgeet, entwéckelt sech e Gespréich iwwer d'Roll vun Educateur*ricen als Multiplicateuren, iwwer Experimentéieren amplaz Virgaben, an doriwwer, firwat et heiansdo méi wichteg ass, selwer eng Haltung ze fannen, wéi d'Äntwert direkt ze hunn.
Wéi nei digiloom eigentlech ass, wat een do alles ausléine kann, a wat e sougenannte learningLab ass, gëtt hei genee esou gekläert.
(On)bekannt ass de Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.
Méi dozou