New Work #27 - Alles iwwert déi nei Steierreform

Sponsored content

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen, sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chancë respektiv d'Geforen? De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Studio J.

New Work #27

Wosst Du schonn, dass mir ab 2028 een neie Steiersystem zu Lëtzebuerg wäerten hunn?

An dëser Episod schwätze mir genau doriwwer an iwwer dat, wat sech mat dëser Reform ännere wäert. Ma wéi eng Ongerechtegkeete ginn et am aktuelle Steiersystem, wat misst sech änneren, fir dass all Mënsch och wierklech gläich virum Steiergesetz ass, an ass dat de Grond, wisou mir eng Steierreform brauchen?

All dat kläre mir haut mam Dylan Theis, Ekonomist a Conseiller de Direction bei der Chambre des salariés Luxembourg, an dem Laurent Uhoda, Conseiller de Direction, och bei der CSL.

Zesummen hu si un engem Avis fir de Projet de Loi vun der Steierreform geschafft a sinn esou Experten am Thema.