Gréng op den Oueren - Klimafrëndlech liewen

Sponsored content

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! Am Podcast vun Enovos treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegten Notzer. Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen?

Gréng op den Oueren #4

Klimafrëndlech liewen

Et gëtt kee bessere Moment, fir seng Gewunnechten z'änneren, wéi den Ufank vum Joer.⁣ Besonnesch déi kleng Gesten a Schrëtt kënne vill bewierken, och am Hibléck op d'Klima.⁣⁣⁣

Mir sinn dës Kéier ënner anerem op Besuch beim CELL. D'Delphine Dethier an den Norry Schneider zielen eis, wéi wäit d'Transitiounsbeweegung et no 12 Joer scho bruecht huet a wat déi grouss Erausfuerderunge fir déi no Zukunft sinn. Mir luussen och beim Estelle Flammang am Buttek Onperfekt zu Maarnech eran, hannert deem eng Initiativ stécht, déi sech fir lokal a saisonal Liewensmëttel staark mécht. A vun Enovos gëtt et einfach Tuyauen, fir Energie ze spueren, woubäi de Klient-Portal my.enovos och eng wichteg Roll spillt.⁣⁣⁣

*op Lëtzebuergesch