Gréng op den Oueren - Erneierbar Energie

Sponsored content

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! Am Podcast ronderëm Nohaltegkeet mat Enovos treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegten Notzer.

Gréng op den Oueren #6

Erneierbar Energie fir Lëtzebuerg

Wandenergie, Solarenergie, Waasserkraaft. Et gëtt vill verschidde Manéieren, fir nohalteg Stroum ze produzéieren. Wéi eng Entwécklung huet déi gréng Energie iwwert déi lescht Joren zu Lëtzebuerg gemaach? A wéi kënne Betriber an och Privatleit hëllefen, fir d’Energietransitioun virun ze dreiwen?⁣⁣⁣
⁣⁣⁣
D’Anouk Hilger ass bei Enovos Responsabel fir d’Departement vun den erneierbaren Energien a gëtt an Abléck an déi grouss Projeten, déi Enovos scho jorelaang ëmsetzt – vun der Ëmweltetude ganz um Ufank iwwer d’Konstruktioun bis bei d’Exploitatioun. De Schwéierpunkt läit op der Photovoltaik. Mir gi gewuer, dass Solarpanneauen och schwamme kënnen a kréien erkläert, wéi eng Roll landwirtschaftlech Flächen an Zukunft kënne spillen. Donieft kréie mir vun engem iwwerzeegte Privatnotzer Tuyauen, op wat een oppasse muss, wann ee sech doheem eng Anlag installéiert, a wat d’Virdeeler vu gréngem Stroum sinn.⁣⁣
⁣⁣
*op Lëtzebuergesch