De Lëtzebuerger Journal lancéiert déi lëtzebuergesch Versioun vum Methodkit fir Podcasten

Von Maxime Toussaint

64 Kaarten - 64 Elementer, déi e Podcast definiéieren. Inspiratiounskaarten, déi Diskussioune stimuléieren, d'Mediekompetenz fërderen an d'Demokratie stäerken. Eng Zesummenaarbecht tëscht dem Lëtzebuerger Journal an der DW Akademie.

De Lëtzebuerger Journal lancéiert déi lëtzebuergesch Versioun vum Methodkit fir Podcasten – an Zesummenaarbecht mat der DW Akademie, dem internationale Medienentwécklungszentrum vun der Deutsche Welle.

Dëse Methodkit ass e pädagogescht Kaartespill, dat vun der DW Akademie a Kooperatioun mat Podcast-Expert*innen aus der ganzer Welt entwéckelt gouf an dat et schonn a méi wéi 40 Sprooche gëtt. En Outil, deen d'Méiglechkeet bitt, all Aspekt vum Podcast ze entdecken: vun der Iddi bis zur Verëffentlechung.

D’Spill ëmfaasst 64 Kaarten. All Kaart stellt e Schlësselelement duer, dat beim Entstoe vun engem Podcast eng Roll spillt a schaaft esou eng gemeinsam Sprooch fir kreativ Participant*en a Geschichten-Erzieler*innen.

All Stëmm verdéngt Gehéier

Mat dësem Projet verfollegt de Lëtzebuerger Journal e kloert Zil: All déi ze ënnerstëtzen, déi sech aktiv un Diskussioune bedeelege wëllen, fir d'Gespréichskultur an d'Mediekompetenz ze fërderen an esou eng lieweg Demokratie stäerken.

"D'Zil ass et all déi ze ënnerstëtzen, déi sech aktiv un Diskussioune bedeelege wëllen, fir d'Gespréichskultur an d'Mediekompetenz ze fërderen an esou eng lieweg Demokratie stäerken."

Maxime Toussaint, Responsabel vum Projet beim Lëtzebuerger Journal

De Podcast gehéiert zu de gräifbarsten a meescht accessibele Medien. Jidderee ka seng Stëmm ophuelen an online deelen. Mee fir wierklech Gehéier ze fannen, muss een d’Basis verstoen an ëmsetze kënnen.

D'Roll vum Lëtzebuerger Journal

Mir hunn eis Fachwëssen an d’Sproochkompetenz genotzt, fir beim Weiderentwéckelen, Iwwersetzen a Validéiere vum Methodkit matzeschaffen.

  • Iwwer 20 produzéiert Podcast-Serië säit 2021

Eis deeglech Erfarung an der Produktioun vun Audiomaterial huet dozou bäigedroen, dass all Kaart der Realitéit um Terrain ugepasst ass.

  • Intern Formatiounen an Atelieren

Mir hunn de Kit am Team getest, fir sécherzestellen, dass e kloer, verständlech an an der Praxis wäitreechend agesat ka ginn.

Eng kollektiv Aarbecht mat lokale Partneren

Nieft dem Lëtzebuerger Journal hu sech och de BTS Media Writing vum Lycée classique zu Dikrech an Arcus Digiloom un der Entwécklung bedeelegt fir de Projet an der Praxis ze verankeren a lokal Expertise mat anzebannen.

Wëlls de méi iwwer de Methodkit gewuer ginn oder e Workshop buchen?

Da mell dech beim Maxime Toussaint op maxime.toussaint@journal.lu. Är Kontaktpersoun a Responsabele fir de Projet hei zu Lëtzebuerg.

De Lëtzebuerger Journal bitt Workshops un. Se riichte sech u Schoulen, Jugendhaiser, Veräiner, Bibliothéiken an all Initiativ, déi mat Mënsche vun all Altersgrupp – vu Jugendlechen bis Senior*innen – schaffen an de Podcast als Mëttel fir matzedenken, matzeschwätzen a matzemaachen notze wëllen.

Fir all déi, déi sech fir Podcasten interesséieren oder no engem Wee siche fir d’Gespréichskultur an d’Medienkompetenz ze fërderen.

De Methodkit bitt eng praxisno a spilleresch Approche, fir Mënsche mat ënnerschiddlechem Hannergrond zesummen un d’Inhalter an d'Strukture vum Podcasten erunzeféieren, inklusiv, verständlech a motivéierend.

De Methodkit ass an iwwer 40 Sproochen erhältlech.

Jetzt den Newsletter abonnieren und nichts mehr verpassen. 

Um die Anmeldung abzuschließen, klicke auf den Link in der E-Mail, die wir dir gerade geschickt haben. Überprüfe im Zweifelsfall auch deinen Spam- oder Junk-Ordner. Es kann einige Minuten dauern, bis dein Journal-Profil aktualisiert ist.

Da ist was schief gelaufen bei deiner Anmeldung für den Newsletter. Bitte kontaktiere uns über abo@journal.lu.

Weiter

Parkinson mit 40? Kein Einzelfall