(On)bekannt - Alexandre Ecker

Par Jill LallemangIlana JosephSherley De DeurwaerderGilles Kayser Changer en allemand pour l'article original

Am (On)bekannt-Podcast trëfft d'Jill Lallemang an all Episod op Gäscht, ouni ze wëssen, wien dat ass. An dës Kéier ass dat den Alexandre Ecker, Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Dëse Podcast-Episod gëtt Dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s Du eis Team wëlls ënnerstëtzen, da maach elo en Abonnement.

(On)bekannt – Ep. 30

Nodeems d'Jill fir d'éischt mol bal sur place en Accident gehat hätt, trëfft hatt den Alexandre Ecker – an ass begeeschtert, wéi hatt gewuer gëtt, dass hie vun Ufank u bei der Konzeptioun vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) eng Hand mat ugepaakt huet.

Als studéierte Lexikograph stoung hien deemools mat enger Rëtsch anere Leit virun der Fro : Wéi schreift een en Dictionnaire fir eng jonk Sprooch, déi laang keng kloer definéiert Orthografie hat, an am Verglach zu beispillsweis Englesch guer net mol esou vill Ressourcen huet? Doriwwer eraus schwätzt hie mam Jill iwwer Sproochwandel, Jugendsprooch a Liblingswierder – an doriwwer, wat am geschwate Lëtzebuergesch och mol méi oder manner irritéierend ka sinn.

Nieft senger berufflecher Bezéiung zur Lëtzebuerger Sprooch huet den Alexandre Ecker och eng Rëtsch Hobbyen. Sou strieft hien et un, mam Motorrad zwee Mol ronderëm d'Welt ze fueren, lauschtert Opere fir ze kräischen (wann hien net grad Rock-Musek aus de 90er op den Oueren huet), a keeft leidenschaftlech gäre méi Bicher, wéi hien der liese kann.

(On)bekannt ass de Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.