New Work #4 - Wuelbefannen op der Aarbecht

Contenu sponsorisé Article uniquement disponible en allemand

De Podcast vun der Chambre des salariés a Kollaboratioun mam Lëtzebuerger Journal. Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaange sech ze veränneren. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Chance respektiv d'Geforen?

New Work #4

Wuelbefannen op der Aarbecht

Wéi kann een de Stress reduzéiere respektiv besser domadder ëmgoen? D’Chambre des Salariés bitt hei verschidden Ënnerstëtzungen un. D’Michèle Pisani, Psychologin a Conseillère bei der CSL, gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Owescoursen, Formatiounen an Universitéitscoursen aus dem Beräich Mental Health. A mir kréien en Abléck an d’Aarbecht vum Sonia Neves, si ass Therapeutin a gëtt ënnert anerem Sophrologiecoursen an de Betriber hei zu Lëtzebuerg. Geduecht sinn déi Course fir den eenzele Salarié respektiv Personaldelegéierten, déi sech fir d’Mataarbechter an d’Mataarbechterinnen an hirem Betrib asetzen.