flux #10 - Géi dohinner, wou de Kabes wiisst

By Lëtzebuerger Journal Switch to German for original article

De Kierchbierg war mol eng Kéier de Stater "Geméisgaart". Haut fënnt een um Plateau keng Bauere méi mat hire Felder, mee vill Leit am Kostüm, déi an den ënnerschiddlechsten EU-, Finanz- a Kulturinstitutioune schaffen. D'Episod 4 vun der zweeter Staffel vu flux retracéiert dës Entwécklung.

Wat kënnt iech an de Kapp, wann der u Lëtzebuerg denkt?

Héchstwarscheinlech: Steierparadäis. Héich Immobiliepräisser. Oder och nach Banken.

Mee wou kënnt de Wuelstand vun eisem Land eigentlech hir? Där Fro sinn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal am Podcast flux op d'Spuer gaang.

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen.

D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren.

#10 Géi dohinner, wou de Kabes wiisst

Et ass 1962. Um Kierchbierg ginn e puer Bauere mat hiren Trakteren op d'Barrikaden. De Staat huet nämlech decidéiert, de Fonds Kierchbierg kéint roueg Terrainen opkafen, fir dass do de neien Centre Européen gebaut ka ginn. An dat op de Felder, déi iwwer Generatiounen d'Existenz vun hire Famillje geséchert hunn.

Eis Spueresich fänkt beim Fays Djoher, Associé gérant vum Shamrock Luxembourg, un. Wa Feierowend ass, kommen d'Employé*eë vun de Banken an EU-Institutiounen ëmmer gäre bis laanscht e Patt drénken.

Et ass nach net esou laang iwwerhaapt méiglech, sech no der Aarbecht um Kierchbierg ze treffen. D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg huet an de 60er mat méi Skepsis wéi Enthusiasmus op d'Urbaniséierung vum Kierchbierg gekuckt. Et war riets vu "Baurenausrottung", enger sozialer "Enklave" déi näischt mat der Stater Kultur ze dinn hätt, an "Eurokraten".

De Marc Widong, Direkter vum Fonds Kirchberg weess: Dat ass normal. De Kierchbierg gouf net an engem Dag gebaut, an iwwerhaapt war et net d'Zil, een integréierte Quartier aus deem Plateau ze maachen. D'Felder hu missen expropriéiert ginn, fir Spekulatioun op den Terrainen ze verhënneren. Well eppes war kloer – soubal déi Rout Bréck bis gebaut wier, géif den Terrain ferm u Wäert gewannen.

Mat der Zäit huet dat sech bezuelt gemaach. Net nëmmen EU-Institutiounen, mee och Banken – ugefaange bei der Deutsche Börse Luxemburg 1992 – hunn sech um Kierchbierg néiergelooss. Dat war vill aus Plazgrënn. De Boulevard Royal war drop an drun, aus de Néiten ze platzen – dat wëssen de Kik Schneider, fréieren Direkter vum Retail & Corporate Banking vun der BGL BNP Paribas, an de Fernand Grulms, fréieren économiste en chef bei der ABBL.

Mat den europäeschen Institutiounen a Banke koume gutt 13.000 nei Fonctionnairë mat hire Familljen, déi jo iergendwou ënnerkomme missten. D'Thema Logementskris ass keen neit zu Lëtzebuerg. Dorobber ginn d'Dr. Estelle Berthereau, Fuerscherin um Luxembourg Center for Contemporary and Digital History, an d'Marie-Jeanne Chèvremont, fréiere Managing Partner a Direktiounsmember vu PwC Luxembourg.

U flux hu matgewierkt :

  • Interviews : Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen, Pascal Steinwachs
  • Konzept : Sherley De Deurwaerder, Maxime Toussaint
  • Produktioun : Maxime Toussaint
  • Animatioun : Sherley De Deurwaerder
  • Fotoen : Lex Kleren, Misch Pautsch
Sign up for our newsletter and don't miss a thing.

To complete the subscription process, please click the link in the email we just sent you. Check your spam or junk folder too, in case of doubt. It may take us a few minutes to update your Journal profile, so please be patient.

An error occurred while subscribing to our newsletter. Please contact us at abo@journal.lu.

Next

"Whoever sticks their neck out first loses it"