Gréng op den Oueren - Green Events
Sponsored content Article only available in German
Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! Am Podcast ronderëm Nohaltegkeet mat Enovos treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegten Notzer.
Gréng op den Oueren #14
Green Events
Egal ob Festival, Sportsevent, Dëppefest oder Marche Gourmande – Eventer spillen eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft. Ma wéi kënnen se nohalteg organiséiert ginn? Doriwwer schwätze mir an dëser Episod mam Oekozenter Pafendall an der SuperDreckskëscht.
Ee weidere Gaascht ass de Max Pesch aus dem Organisatiounscomité vum e-Lake Festival. Hien erkläert, firwat sech de Festival op de Fändel geschriwwen huet, sech och ëm de Label vum Green Event ze beméien.

