Evergreens - Cryptomania

Sponsored content Article only available in German

E Podcast an Zesummenaarbecht mat der Spuerkeess iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣

Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Evergreens #3

Cryptomania an den Notze vun digitale Wärungen

D'Pandemie huet den Opschwong vu Crypto-Geld befligelt. Mee nach ëmmer gëtt et vill Skepsis géintiwwer dësen Assets ouni physesch Substanz. Geet et hei ëm sënnlos Spekulatioun, wéi d'Kritiker behaapten, oder huet Crypto eng Zukunft am Mainstream?

Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nadia Manzari ass Associée bei Schiltz & Schiltz an ass zoustänneg fir Finanzrecht a Finanztechnologien. De Christof Torres ass Doktorand op der Uni Lëtzebuerg an der TU München, an seng Dissertatioun befaasst sech mat der Sécherheetsanalyse vu Blockhain-Technologien, d.h. Crypto-Geld a Smart Contracts. De Jacques Weniger ass Associé bei Neon Internet, déi sech wärend de leschten zwee Joer intensiv mat Crypto auserneegesat hunn.

*op Lëtzebuergesch

00:00
00:00
In collaboration with 
Sign up for our newsletter and don't miss a thing.

To complete the subscription process, please click the link in the email we just sent you. Check your spam or junk folder too, in case of doubt. It may take us a few minutes to update your Journal profile, so please be patient.

An error occurred while subscribing to our newsletter. Please contact us at abo@journal.lu.

Next

An insurance for our animal companions