D'Hoffnungsdréier #6 - Virbiller

Von Misch PautschMaxime Toussaint

Ee Joer laang huet de Lëtzebuerger Journal d'Team Lëtzebuerg begleet. Kommt mat hannert d'Kulisse vun de Paralympics 2024.

Wee wäert Lëtzebuerg 2024 bei de Paralympics vertrieden? Léiert mam Lëtzebuerger Journal an dem Caecilia Riedl zesummen eis paralympesch Hoffnungsdréier kennen – beim Training, bei den Ups, den Downs, a Spuenien, Dubai, an hoffentlech duerno zu Paräis!

Mee de Wee bis dohin ass nach wäit… Virun allem, well am Para-Sport awer nach vill Barrièren am Wee stinn, déi net nëmme mat der Behënnerung selwer ze dinn hunn. Eis Sportler*inne mussen hir Weltklass-Leeschtunge mat hirem Job ënnert een Hut kréien an no Frust-Phasen de perfekte Comeback plangen. An dono, am Stadion, virun dausende Leit, d'Nerve behalen.

Mir hunn iwwert ee Joer net nëmmen eis Sportler*innen ganz genee kennegeléiert, ma och bei dem Sportsminister an dem Minister fir Famill a Solidaritéit gefrot, wéi seriö si de Para-Sport huelen, a wéivill Inklusioun am kompetitive Sport wierklech méiglech ass. E Sportpsycholog verréit eis, wisou fir si Mental Health genee esou wichteg ass wéi physesch Gesondheet, an ee Statistiker, wisou eigentlech vill méi Leit mat Behënnerunge Sport maache missten, fir der Fuerschung ze hëllefen. Dat alles kënnt der an den nächsten Episoden lauschteren.

Fir d'Katrin Kohl, den Tom Habscheid, de Philippe Hein, de Matteo Scuto an de Joël Adams ass et net nëmmen e Kampf fir all Sekonn an Zentimeter, mee och ee fir Representatioun, Visibilitéit an Inklusioun. Si wëssen: Hir Passioun fir hire Sport kéint genee déi Motivatioun fir anerer sinn, hiren Ambitiounen nozegoen – a si kéinten zu Paräis zu grousse Virbiller ginn. Mee virdru mussen se dohi kommen…

Kommt mat op den Terrain, den Track, d'Feld, a souguer mat op Paräis, wou mer déi lescht Episoden ophuelen!

Freier Zugang zum Rest des Artikels

Du kannst diesen Artikel kostenlos abrufen, wenn du unseren Newsletter abonnierst, der zweimal pro Woche versandt wird. Du brauchst außerdem ein Journal-Konto.

Du hast bereits ein Konto?

Einloggen