Oppen Dieren - EU-Haushalt

Von Bill Wirtz

De Bill Wirtz verfollegt d'Geschéien an der Europäescher Unioun. Hie schwätzt mat de Lëtzebuerger Vertrieder iwwer aktuell Themen an haakt no bei den europäeschen Dossieren, an deenen iwwer Saache verhandelt an decidéiert gëtt, déi de Grand-Duché betreffen.

Oppen Dieren - Ep. 2

EU-Haushalt

Den neie finanzielle Kader iwwer e puer Joer (MFR), de 7-Jores-Haushalt vun der Europäescher Unioun, ass dee gréissten, deen et an der EU jee gouf. Mat engem Volume vun 1,8 Billiounen Euro huet Bréissel vill Tabue gebrach, fir dass d'Memberstaaten d'COVID-19 Pandemie besser bekämpfe kënnen. Mä et bleiwe vill Froen opstoen, zum Beispill ronderëm d'EU-Steiere fir d'Tilgung vu gemeinsamer Schold oder den éischter vagen "Rechtsstaatlechkeetsmechanismus".

De lëtzebuergeschen MdEP (Member vum Europäesche Parlament) Charles Goerens erkläert an dësem Episod seng Siicht op déi finanziell Kapazitéite vun der EU.

*op Lëtzebuergesch