Hannert der Fassad - Luxembourg Song Contest

Von Maxime ToussaintMisch Pautsch

Talk a Musek am Mix. D'Finalist*innen am Luxembourg Song Contest hoffen all op der Eurovision de groussen Duerchbroch ze packen. Ma wéi eng Lidder vun hire Virgänger*innen hunn se besonnesch inspiréiert? Mir hunn se all gefrot – an hir Faves sinn esou ënnerschiddlech, ewéi si selwer!

Wat ass méi intim, wéi seng Liblingslidder mat engem ze deelen? An och nach dobäi z’erzielen, firwat een déi Lidder lauschtert. De Lëtzebuerger Journal proposéiert mat Hannert der Fassad en innovatiivt Interview-Format op Spotify, dat och emol aner Säite vun den Invitéeën ervirbréngt. Alles kompakt an enger Playlist.

E bësse wéi Radio, just besser.

Wichteg: D'Playlist op Spotify net am Shuffle ofspillen, mee einfach beim éischte Bäitrag de wäisse Play-Knäppchen drécken a lafe loossen.