Gréng op den Oueren - Sonn fir jiddereen: Zesumme Stroum deelen

Sponsored content

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! Am Podcast ronderëm Nohaltegkeet mat Enovos treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Expert*innen an awer och iwwerzeegten Notzer.

Gréng op den Oueren #17

Sonn fir jiddereen - zesumme Stroum deelen

Wat wier, wann een zesumme mat sengen Nopere kéint Energie deelen?

Wat op deem éischte Bléck ongewéinlech kléngt, ass haut Realitéit. Mat de sougenannten Energy-Sharing-Gruppen ass et elo méiglech, zesumme mat den Noperen an och mat klénge Betriber Energie ze deelen.

Zesumme mam Fenn Faber a Gilbert Théato vun der Klima-Agence, souwéi mam Tatiana Berseneva vun Enovos, kucke mir hannert d’Kulisse vun dësem spannende Konzept, bei deem och dir dobausse kënnt matmaachen.