Craft your balance - Fir ee bessert Handwierk

Sponsored content

D'Handwierk entwéckelt sech weider. An dozou gehéieren och Sujete wéi d'Sécherheet an d'Wuelbefannen op der Aarbecht. Schliisslech wëllen och Daachdecker*inne séchere Buedem ënnert de Féiss, an d'Elektriker*inne sollten och mol ofschalte kënnen. Wëllkomm bei Craft Your Balance, de Podcast vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Craft your balance #1

D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vu hirer Campagne Make. Shape. Create. eng Approche a 5 Pilieren ausgeduecht, fir d'Saachen, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. Mee wéi soll dës Approche genee funktionéieren a wéi eng sinn dës 5 Sailen?

De Gilles Walers ass an der Chambre des Métiers zoustänneg fir alles, wat zu de Beräicher Soziales, Aarbecht a Formatioun gehéiert. Am éischten Episod zielt hien eis, wéi et zu dëser Approche komm ass, a wéi si dës an de Betriber wëllen integréieren. D'Clémentine Venck, Directrice vu Cocottes, an de Carl Werner, Gerant vu Coplaning, hunn an hiren Aktivitéite scho vill Moossnamen ënnerholl, fir d'Wuelbefannen an d'Sécherheet vun hire Mataarbechter*innen ze garantéieren. Si erkläre wisou dat wichteg ass – esouwuel fir d'Mataarbechter*innen, wéi och fir d'Entreprise selwer.