Craft your balance - Digitalisatioun an Innovatioun

Sponsored content Article only available in German

D'Handwierk entwéckelt sech weider. An dozou gehéieren och Sujete wéi d'Sécherheet an d'Wuelbefannen op der Aarbecht. Schliisslech wëllen och Daachdecker*inne séchere Buedem ënnert de Féiss, an d'Elektriker*inne sollten och mol ofschalte kënnen. Wëllkomm bei Craft Your Balance, de Podcast vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Craft your balance #2

D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vun hirer Campagne "Make. Shape. Create. A Better Place to Work" eng Approche a 5 Sailen ausgeduecht, fir d'Saachen, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. An dësem Episod fokusséiere mer eis op de Pilier SHARP: D'Roll vun der Digitalisatioun an der Innovatioun fir de Beräich "Organisatioun am Handwierk".

D'Carmen Kieffer ass Responsabel fir de Service eHandwierk bei der Chambre des Métiers. D'Laetitia Magny (Ergonome a Conseillère en prévention) an d'Marie-Flore Simon (Médecin du travail) schaffen am Service de la Santé au Travail de l'Industrie (STI). Si erkläre wat hei d'Chance sinn a firwat et sënnvoll ass déi Transitiounsphase ze ënnerhuelen. De konkreten Impakt gesäit een awer ëmmer nach am beschten um Terrain: De Sebastien Steffes, dee säin Atelier graphique Molotov Design gegrënnt huet, an de Yannick Schuler, deem säi Familljebetrib Bressaglia Serge sech iwwer ville Generatiounen nei erfanne misst, erzielen, wéi nei Tools hir Aarbecht an déi vun hire Mataarbechter vereinfacht a verbessert.