
Talk a Musek am Mix. De Grafiker, Influencer an Entertainer Yaya van chique gëtt perséinlech Ablécker a säi Liewen an erkläert ënner anerem, firwat Musek wéi Therapie ass.
Wat ass méi intim, wéi seng Liblingslidder mat engem ze deelen? An och nach dobäi z’erzielen, firwat een déi Lidder lauschtert. De Lëtzebuerger Journal proposéiert mat “Hannert der Fassad” en innovatiivt Interview-Format op Spotify, dat och emol aner Säite vun den Invitéeën ervirbréngt. Alles kompakt an enger Playlist.
E bësse wéi Radio, just besser.
Wichteg: D'Playlist op Spotify net am Shuffle ofspillen, mee einfach beim éischte Bäitrag de wäisse Play-Knäppchen drécken a lafe loossen.
(Coverfoto vum Pit Reding)