
Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 75 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen, déi si owes wakereg halen.
#3 Verbindlechkeet
Hutt dir och d'Gefill, dass Verbindlechkeet an ärem Ëmfeld net méi grouss geschriwwe gëtt? E Rendezvous ass séier ofgesot oder war guer net opgeschriwwe ginn, well "do war jo näischt méi komm". An dësem Episod schwätze mir driwwer, wéi mir mat esou Situatiounen ëmginn a wéi mer probéiere proaktiv dogéint ze steieren. Et geet awer och drëm, wéi wichteg e Support System vu Frënn a Famill ass, wann een e stressegen Alldag huet. Am participativen Deel "Ech wollt just eppes Klenges nofroen", liese mir nees ee vun äre Message vir a schwätzen iwwer d'Thema Mental Load – also déi Belaaschtung, déi duerch d'Organisatioun vun Alldagsaufgaben entsteet an zum groussen Deel onsiichtbar ass.
